Zu de Kanner seet een dacks... wéi seet ee wann ee gären Eppes hätt? Oder wéi ass d'Zauberwuert? D'Josiane Hoffmann vu your-coach.lu huet sech haut ronderëm déi zwee Zauberwierdercher e puer Gedanke gemaach.

Mäin eelst Meedchen an ech ginn heiansdo an der Mëttespaus an e kléngen türkesche Restaurant iessen. Ech muss soen, datt ech am Fong net wierklech nogelauschtert hunn, wann di aner Clientën hiert Iessen um Comptoir bestallt hunn.

Bis viru kuerzem.

Mäi Kand huet mech nämlech virun e puer Méint dorop opmierksam gemaach, datt kaum ee vun den hongrege Mënschen, déi erakommen, „Wannechgelift“ oder „Merci“ seet.

Zënterhier féiere mer da regelméisseg eis „Feldstudien“ duerch. Di éischt hallef Stonn kucke mer, wéi vill vun de Clienten dat eent oder anert vun de magesche Wierder, am beschten di zwee, benotzen. Et sinn der ni vill – iwwer véier bei am Schnëtt enger Dose Leit si mer, eis inclus, bis ewell nach net komm.

Meeschtens gëtt jo gesot, et wiere Kanner a Jugendlecher, déi hautdesdaags net méi héiflech wieren. D’Gäscht hei sinn e „Querschnëtt“ duerch d’Gesellschaft a vun allen Altersklassen – dat geet vum hongeregen Däbbes, dem coolen Teenie, dem jonken, guttgelaunte Leeëndecker an der Beruffskleedung, der souveräner Sekuristin am mëttleren Alter, dem gestresste Bankbeamten am Kostüm bis hin zu de gemittleche Pensionnairen, déi deels mam Bengel oder Rollator kommen.

Wisou fält et all deene Leit esou schwéier, fir ausser „Moien“ nach e puer aner Héiflechkeetsfloskelen ze gebrauchen? Di sinn dach wichteg fir den Ëmgank mam aneren. Si weisen, datt ee Respekt huet, datt ee sech trotz der Alldagshektik awer nach e puer Sekonnen hëlt, fir mat Hëllef vun der Sprooch a vläit och Mimik a Gestik, op eng ugemiess Aart a Weis z’interagéieren.

Natierlech kritt ee seng Zalot mat Falafel och, wann een net „Wannechgelift“ a „Merci“ seet. Mee da gesäit een awer net, datt d’Hären hannert dem Comptoir och laache kënnen an dobäi immens frëndlech.

Mir perséinlech ass et wichteg, am Alldag héiflech ze sinn, an dat vermëttelen ech och menge Kanner. Bei mengem Groussen huet den intensiven Training geklappt.

Deslescht wor en eeleren Här an eisem Restaurant. Säi Bengel ass him aus der Hand gefall. Mäi Meedchen huet him en opgeraf. Hien huet e geholl a sech ëmgedréint. Mäi Kand huet him dunn am Schoulmeeschtertoun erkläert, wann een engem eppes oprafe géing, misst ee „Merci“ soen. Dat wier héiflech. De Mann huet mech du ganz béis gekuckt. An ech hu missen oppassen, datt ech net gelaacht hunn.

An deem Sënn: Iech Merci, datt Dir mir nogelauschtert hutt!