Konsequent inkonsequent !

De Mënsch, dat komplext Wiesen, stellt ëmmer nees nei Reegelen op, fir se da selwer ze briechen. De Camille Ney huet dat och nach viru Kuerzem festgestallt…
Wann Dir erlaabt, ginn ech emol kuerz mat Iech doheem an d’Buedzëmmer. Do hänkt Äert Buedduch un engem Krop oder laanscht eng Heizung. Lo sidd emol éierlech : no der wéivillter Dusch oder Buedbidden wiesselt Dir dat Duch? No der 3., 4., 6. … Loosse mer emol einfach soen, wann Dir et net méi kënnt richen!
Ech war déi läscht Wochen dacks an ënnerschiddlechen Hoteller ënnerwee a bal iwwerall houng e gréngt Schëld un der Mauer, wat, ëmmer op eng aner Aart a Weis ausgedréckt huet, dass een, der Ëmwelt zu Léift, säin Handduch op de Buedem oder an e Kuerf soll geheien, wann een et gär duerch en Neit ersat hätt. A wann et um Krop oder un der Heizung géif hänken, géif dat heeschen, dass een et nach kënnt richen an och weider wëll gebrauchen.
Quetschen och! Egal wou et gehaang huet, ech hat deen Dag drop, oder esouguer den Dag selwer, ëmmer nei a frësch gestreckten Dicher do hänken. Firwat, hunn ech mech gefrot? Mengt d’Zëmmermeedchen iren, ech géif déi Reegel un der Mauer op däitsch an op englesch net verstoen? Oder hu schonn esouvill Leit viru mir an der Receptioun ugeruff fir sech ze beschwéieren an nei Dicher ze froen, dass si sech dee Wee wollt spueren?
An elo hunn ech nach guer net vum Schëld geschwat, dass mir Männer eis solle sëtzen, fir ze pinkelen. Oder dass et bei der Toilettespull 2 Knäppercher gi fir déi kleng a grouss Kommissioun? Och déi Reegele si meeschtens fir déi aner, et gesäit jo keen et! De Mënsch ass ebe vun Natur aus konsequent inkonsequent !
Firwat sinn d’Weltmierer, d’Flëss an d’Bëscher voller Plastik? Kommt mir huelen eis emol dee gudde Virsaz fir déi grouss Vakanz an halen eis u gewësse Reegelen – eiser Ëmwelt an eise Kanner zu Léift !