Villes, wat fréier richteg war, ass haut iwwerholl. Villes, wat een eis an eiser Jugend agetriichtert huet, gëllt haut als falsch. De Guy Seyler ass duerfir och e bësse veronséchert.

Op Kiischten däerfs du net drénken, soss kriss du de Bauch wéi – sot meng Mamm mir ëmmer.  Wann ech net esou e brave Jong gewiescht wier, deen ëmmer gefollegt huet, dann hätt ech deemools scho gemierkt, datt dat net stëmmt.
    
De Summer si mir ëmmer an e Weier schwamme gaangen. Hei war d’Directive, eréischt 2 Stonnen nom Mëttegiessen an d’Waasser ze sprangen, soss géif et engem schlecht ginn. Alles Mumpitz, heescht et haut.

Mëllech ass no neisten Erkenntnisser net optimal fir Kanner. Midd Männer mécht se just nach an der Reklamm monter. All déi positiv Qualitéite vun der Mëllech ginn zolidd a Fro gestallt.
Si hëlleft net géint Osteoporose, au Contraire.
Mëllech kann zu Daarmproblemen an zu Allergien féieren. De Risiko vu Prostatakriibs geet bei de Mëllechkonsumenten an d’Luucht, behaapten munch Wëssenschaftler.

Duerfir réckelt elo de Kaffi an e positiivt Liicht. Laang Zäit verdäiwelt heescht et elo, datt 4 Tase pro Dag gutt fir d’Gesondheet sinn. No enger rezenter Etude liewe Kaffidrénker méi laang.

Eng bekannte Comicfigur war zu menger Zäit de Popeye. De Sailorman huet Spinat direkt aus der Bécks a sech eragestoppt. Dat huet him déi néideg Muskele ginn fir et mat all Géigner opzehuelen. Haut gëtt de Spinat a säin héijen Eisegehalt als „medizinesche Mythos“ bezeechent.

Déi Eeler erënnere sech nach bestëmmt un de battere Läffel „Lebertran“, dee wéinst dem Vitamin D um deegleche Kannermenü stoung. Haut ass en aus de Regaler verschwonnen. Mee dee Geschmaach vergësst een net.

Fréier gouf et kaum e richtege Sonndesmenü ouni Bifdeck oder Kotelett, natierlech mat Fritten. Haut gëtt rout Fleesch verdäiwelt. Fësch soll een iessen – wéinst dem Omega 3.
Nëmmen - eis geziichte Fësch sinn esou mat Schwéiermetaller an Industriegëfter ugeräichert, datt engem do den Appetit ganz séier vergeet.

Wéi ass et mat den Eeër ? Déi hate laang e ganz schlechte Ruff. Wéinst dem Cholesterol. Da googelt elo mol. Do kritt dir da genee explizéiert, datt och dat e Mythos war, deen haut kee Bestand méi huet.

Wësse mir haut alles besser? Solle mir dat wierklech alles gleewen?
Oder ass et muer schonn erëm anescht?