Wat eis gefält a wat net

Sief et d'Famill, d'Frënn oder de Bekanntekrees. Wien am Gespréich mat Leit ass, weist net ëmmer déi richteg Säit vu sech. Et ass wichteg dat ze soen wat een denkt. En Apropos vum Laurent Gillander
AUDIO: Apropos Wat eis gefält a wat net
Et schéngt wéi wann haut net méi vill Leit weise wat hinne gefält a wat net. Villäicht ass et d'Angscht doduerch net bei deenen Aneren acceptéiert ze ginn. Kann et sinn, dass een dacks lauschtert wat dee vis-à-vis engem esou verzielt fir esou eng Iddi ze kréien no där ee sech äussere kann?
Et mécht den Androck wéi wann ee net méi decidéieren wëll, wien een dann u senger Säit wëll hunn, et geet ee bei den Zwëschemënschleche-Bezéiungen op den Zéiwespëtzten, well een dacks Angscht huet, dass dës méi an Déift ginn.
Et mécht eis Angscht e Striptease fir d'Séil dohinner ze leeën bei deem deen aneren gesäit wien mir wierklech sinn. Mir hunn Angscht eis Ängschten ze weisen an esou eis Séil fir Blessen op ze maachen, sech falen ze loossen a sech vun engem Aneren opfänken ze loossen.
Mécht et eis net eng riseg Angscht d'Surface vun allem wat ëm eis ass ze duerchbriechen? Eng Alternativ ass an deem Fall léiwer näischt ze soen a sech a säi Schleekenhaus zeréck ze zéien.
Alles wat ee net seet bleift an eisem Ënnerbewosstsinn a gëtt zu engem Knuet, deen heiansdo och wéi doe kann. Wat een net seet, verfollegt eis, well et eis zu Prisonéier vun eis selwer mécht, dat suergt erëm dofir, dass ee sech vu Mënschen distanzéiert, déi ee gären huet, net nëmmen an der Partnerschaft. D'Verbindung tëscht de Gefiller verschwënnt.
Soen wat ee fillt a fille wat ee seet, dat ass e bidirektionale Prozess, deen an der enger an an der anerer Richtung klappe sollt.
Et ass nëmmen esou wéi een et fäerdeg bréngt ze sinn wee mir sinn a wéi mir fillen.
Natierlech ass hei och dat néidegt Taktgefill gefrot. Wee sech hei behëlt wéi eng Aaxt am Bësch, deen distanzéiert sech och ganz séier vun deenen, déi een dach eigentlech gären huet.