Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen an och Zäit, fir nei Course virzebereeden oder di eng oder aner Formatioun ze suivéieren. E puer Gedanke vum Josiane Hoffmann vu your-coach.lu

Fir mech ass d’grouss Vakanz e wichtege Moment fir eis all, fir e bësse méi lues ze trëppelen. Grad d’Kanner brauche mat Planningen, déi deene vun Erwuessene gläichen, mat dem Hin an Hir, dat d’Reformitis am Bildungswiese mat sech bréngt, Rou. Ofstand vum Léieren, Momenter fir sech, Zäit, fir ze spillen a Kand ze sinn. Och wa vill Leit hirer normaler Aarbecht noginn, geet awer fir eis Erwuessener munches am Ralenti, virun allem och an der Zäit vum Kollektivcongé. D’Sonn hieft engem d’Laun. Et ass manner Stau a manner Gedirängels am Verkéier, manner Undrang an de grousse Butteker, manner Hektik, wann ee sech fir d’Mëttespaus e Maufel kafe geet.

Di meescht vun eis verreesen och an der grousser Vakanz e puer Deeg, fueren de Weekend op de Stau, an de Mëllerdall oder soss op flott Plazen hei am Land an an der Groussregioun. Et ass endlech Geleeënheet, fir opzetanken, duerchzeootmen, nei Erfarungen ze sammelen, Zäit fir sech selwer, fir Frënn a Famill ze hunn.

Wann ee beim bloe Mier de Wellen nolauschtert, uewen an der Rou vun de Bierger e Bléck an den Dall werft, an der Groussstad an engem Hannerhaff gemittlech e Kaffi drénkt, kann een op Distanz zum Alldag goen. Et kann ee Gewunnechten, routinéiert Ofleef, Automatismen a Fro stellen, sech di eng oder aner kleng Ännerung fir d’Rentrée iwwerleeën, vläicht e Projet iwwerdenken an an Ugrëff huelen, fir deen ee bis ewell net de Courage hat.

Am Däitsche gëtt et dat schéint Verb „innehalten“, wat sou vill heescht wéi „eppes fir eng kuerz Zäit ënnerbriechen“ oder „eng Paus aleeën“.

A genee dat wënschen ech iech: Datt dir an den nächste Wochen eng bewosst Paus kënnt maachen, fir mat iech selwer a Balance ze kommen respektiv ze bleiwen.

Iech an äre Léifsten also eng erhuelsam grouss Vakanz!