D’Englänner si komescher. Mat där virgefaasster Meenung huet de Guy Seyler seng Vakanz op der Insel ugetrueden. Wéi hien erëm koum, huet hien dat anescht gesinn.

Si fuere mam Auto op der lénker Säit vun der Strooss. Duerfir hunn si dann dem Bäifuerer d’Steierrad dohi geschrauft. Ech sinn am Ufank ëmmer eng Kéier ronderëm mäi gelounten Auto gelaf bis ech meng richteg Plaz fonnt hat.

Si fuere „meilewäit“, awer net ganz séier, well all puer „Yards“ ass e „Roundabout“.

Fir ze moossen huelen se d’Féiss. Am „Pub“ drénken se e „Pint“. Do schëdden se dir d’Glas esou voll, datt’s de schonn um Comptoire eng Kéier muss d’Nues dran zappen, soss hues du dat meescht gesabbelt éiers du op denger Plaz bass. Dat ganzt bezils du da mat „Pond“.

Do kann ee schonn e bëssen duerchernee kommen.

Den Englänner ass bekannt fir seng Gedold. Dat Wuert Stress schéngt hien net ze kennen. Esou hunn ech geléiert, datt ech moies – no enger häerzlecher Begréissung – fir d’éischt de Kaffi oder den Téi bestelle muss. An eréischt wann deen um Dësch steet, da kënnt d’Fro – wat wëllt dir iessen?

Am Pub sëtzt een net laang, da sicht den Dëschnoper d’Gespréich. A gläich drop stellt hie sech vir, mat sengem Virnumm. Näischt mat Mister a Misses. Hien ass de Bob, si heescht Linda. Mir duzen eis – wat bei an der englescher Sprooch jo net esou schwéier fält.

D’Leit si léif a frëndlech. Esou bal ech als Tourist ze erkenne war, well ech e bësse verluer an d’Landschaft gekuckt hunn, huet et vun iergendwou geheescht: „Can I help you?“

Wéi ech mir en Adapter Stecker kafe gaang sinn - jo dat brauch een do – gouf ech net nëmmen ongewéinlech fein bedéngt, mee och direkt an e klengt Gespréich verwéckelt.

Neen, den Englänner ass net komesch. Hien ass just e wéineg anescht.

Am Fong sinn ech deen, deen hei komesch ass. Schliisslech sinn ech den Auslänner hei. Am Ausland ass et nun emol net d’selwecht wéi doheem.

Duerfir muss ech mech als Auslänner dann och e bëssen upassen.  An schonn ass villes méi liicht.