Trennungen

Wann een un engem Text schreift an et muss een e prett maachen, fir datt en an engem Buch oder enger Publikatioun, op Pabeier oder digital, déi néideg a richteg Plaz huet, fir datt e passt, da weess een, datt ee mat Trennungen ze di kritt.
An dat ass dann awer schonn eng kleng Erausfuerderung: Wéi trennt ee richteg, tëscht wéi enge Silben a Buschtawe geet dat? Wéi eng Wierder kann ee guer net trennen? An ass et an de verschiddene Sproochen anescht oder ëmmer d'selwecht? Am Normale proposéiert de Computer scho beim Layout, wéi ee kann trennen, mee dat mécht en am Sënn vun der Plaz, déi em nach bleift, fir alles an d'Zeil ze kréien. Deemno bleift nach ëmmer d'Aarbecht, dat herno och nozekontrolléieren.
Wat hei sou sachlech a sproochlech kléngt, kann een awer ouni Weideres op d'Liewen allgemeng iwwerschreiwen. Trennungen am Liewe sinn ni einfach: vum Partner, vu Mënschen, déi ee gär huet, vu Saachen, vun Erënnerungen, vu Liewensabschnitter, vu Gewunnechten, vum Job. Och hei stellt sech ëmmer d'Fro: Wéi ginn ech domadder ëm? Ginn et och do Reegelen? Wéi mécht een et, datt een herno seng Liewensgeschicht ka weiderschreiwen ouni Ängschten, Regreten, Virwërf, Trauer? Wou a wéini trennt ee sech? Natierlech gëtt et och hei keng allgemeng Reegele fir jiddereen an och dee beschte Computer oder Expert kann engem wuel Tuyaue mat op de Wee ginn, ob den Trennungstext herno an d'Liewensabschnitter passt - dat spiert een ëmmer nëmme selwer an et muss een deemno säi Choix huelen.
Mir wëssen et all: Verännerungen am Liewe si wichteg, fir virunzekommen, och wa se Angscht maachen. Jo, et ass ni einfach, sech ze trennen. Wann een d'Decisioun selwer kann huelen, ass et vläicht manner dramatesch, awer net manner emotional. Sou huet een et jo och an de leschten Deeg a Woche bei der Fussball-Weltmeeschterschaft erlieft.
Apropos: Och ech fänken elo, no 37 Joer hei am Haus, en neien Abschnitt un. A well et eng laang a schéin Zäit war, maachen ech dat ouni haarden Trennungsschnëtt. Ech wäert villes vermëssen, och Iech! Mee vläicht begéine mer eis nach heiansdo. Zum Beispill hei!