Duebel Standarden

Wann ech Leit zielen, dass ech am Congo oder och a Russland mat lokale Fluchgesellschaften ënnerwee war, da kréien ech oft gesot, dass ech do awer muss Courage gehat hunn fir matzefléien. Eng droleg Iwwerleeung eigentlech, wann ee bedenkt, dass an de leschten zéng Joer der Aeroflot zum Beispill manner Fliger erofgefall sinn wéi der Luxair.
Et schéngt wuel sou ze sinn, dass een dat, wat engem no ass, ëmmer méi positiv gesäit, wéi Saachen, déi méi wäit ewech sinn, oder engem aner gehéieren.
Den duebele Standard dierft zu deenen am wäiteste verbreetenen Denkfeeler gehéieren. Wou een dat och gutt gesäit, ass am Occasiounshandel. Wien sech ee gebrauchten Auto ukucke geet, fënnt an der Regel honnert Grënn, firwat deen Auto definitiv ze deier ass. Ausser et ass deen eegenen. Mat den Haiser et ass d'selwecht. Den Noper huet se zwar net méi all, wann e mengt, seng Bud wär 800.000 Euro wäert, mä dat eegent Haus, eng identesch Kopie, brauch awer kee kucken ze kommen, wann en net wéinstens eng Millioun op den Dësch leeë wëll.
Mam Leeschtungsprinzip ass et d'selwecht. Déi Eeler ënnert eis erënneren sech jo nach un d'Punkten, déi an der Schoul verdeelt goufen. An als Schüler war natierlech jiddereen der Meenung, dass 30 vu 60 duerchaus genuch war, fir am Liewe weiderzekommen. Wann déi eege Kanner allerdéngs mat där selwechter Note heemkommen, da geet d'Welt ënner, da gesi mer se scho mat 30 op der Strooss liewen, an ni de Staatsexame packen.
Bref: Wat an der Rei ass, wann et ee selwer betrëfft, ass eng Katastrof, wann et ëm anerer geet. Wat verluer geet, ass d'Freed un der Mëttelméissegkeet. Ëmmer méi Leit gi jo op den Internet, zum Beispill op Amazon, d'Ratings vun engem Buch oder engem Film consultéieren, fir rauszefannen, ob se hir Sue wäert sinn.
A wie vun eis huet sech net schonn derbäi erwëscht, dann ze denken: Wat, nëmmen 82 vun 100 Punkten, nëmmen 3 vu 5 Stären? Sou gutt schéngt dat Dengen dann awer net ze sinn. Wann dat lo natierlech Punkten op der eegener Evaluatioun wären, da wäre mer bestëmmt ganz anerer Meenung, an déi Zuele wären op eemol richteg gutt.
Wéi sou villes am Liewen ass d'Wourecht ebe just eng Fro vun der Perspektiv.