Vun der Schoul fir d'Liewen

Wann een den neoliberale Modell vum Kapitalismus bis zu Enn denkt da gëtt et eng Kategorie déi bis ewell dovun verschount bliwwen ass: an zwar déi vum Schüler. Dës Spezies ass am Fong déi lescht vun hirer Zort. Si mécht sech all Dag op de Wee fir sech un alen Wäerter an Tugenden ze orientéieren an sou hoffentlech no fir ze kommen. Fläiss, Ausdauer, Éiergäiz, Respekt an Oppenheet sinn Schlësselwierder fir eng Scolaritéit vun 15 Joer . Wien do mathalen kann fir deen geet eng Profezeiung an Erfëllung: et geet en Diplom. Fréier, wéi nach alles besser wor, also och Profezeiung, do wor den Ofschloss nach eng staatlech Garantie fir eng sécher Aarbechtsplaz an dat e Liewe laang.
Nodeems och am Sport vum Amateur bis zum leschten Trainer d'Hand opgehale gëtt an och schonns laang net méi eidel bleift schéngen d'Schüler déi lescht Benevolen an enger Gesellschaft ze sinn déi domadder ëmmer manner eppes unzefänke weess. Ironeschen Héichpunkt ass dem Schüler seng benevol Bedeelegung am internationalen Programm zur Schülerbewertung, besser bekannt als de PISA-Test vun der OECD. An zu dem Veräin gehéieren och d'USA also Amerika op Lëtzebuergesch. A priori kennt en d'USA jo éischter als Land wou d'Kapital d'Bildung also en Diplom kafe kann, respektiv wou dat intellektuellt Talent aus veraarmten Verhältnisser via scholarship also eng Bourse gefuerdert gëtt. Dat elo grad am Land vun der Mickeymaus a posteriori de Schüler bezuelt gëtt fir an d'Schoul ze kommen, dat ass e ganz neie Moment. Sou ginn zënter ugangs Februar d'Schüler aus der 'Dohn Community“, enger High School' zu Cincinnati am Bundesstaat Ohio bezuelt fir an d'Schoul ze kommen. 25 Dollar an d'Hand plus e Bonus vun 5 Dollar op e Spuerbuch ginn et wann en eng Woch zur Zäit an d'Schoul kënnt a de Cours net stéiert. A gleeft en hirem Direkter da woren um éischten bezuelten Schouldag schonns 15 Prozent méi Schüler do wéi nach um leschten fräiwëllegen Freiden.
An sou enger Schoul, matten an engem sozial schwaach Milieu, déi vun vir eran keen Ruff ze verléieren huet, maach sou eng Initiativ jo sënnvoll sinn. Heiheem allerdéngs solle mer - all zesummen - gutt oppassen dat eis Schoul déi laang Zäit gutt genuch wär fir fräiwëlleg besicht ze ginn dat och no all Verännerungen bleift, egal wéi gutt dës lescht och gemengt sinn. Sou soll se op mannst besser funktionéiert wéi virdrun an dat an der Traditioun an am Geescht vum fräiwëlleg motivéierten Schüler an net mat enger finanziell geköderter Schülerzuucht déi schonns als Jugendlecher den Hals net kann voll kréien.