Datt Frae gemenkerhand léiwer,  méi dacks a méi laang telefonéieren ass gewosst.  Mä och den internationale Fraendag ännert näischt un der Tatsaach, datt et de Männer grad esou dacks passéiert. De Gibbes Bertolo iwwert eng kleng Katastrof ...

Bei mir sinn et 3 Saachen, déi moies prett bei der Hausdier musse leien, ier et an de Schaffdag geet: Schlësselen, Portemonni an ... den Handy. Deen Trio gehéiert dann och zesummen, ewéi rout wäiss a blo, Crosby, Stills a Nash oder déi 3 Musketiere. An et ass mer bis ewell och nach bal ni virkomm, datt ee vun deenen 3 aus der Rei gedanzt ass.

Mä deslescht - et si mëttlerweil 3 Wochen hir – louch d’Kand am Pëtz. Knapps um Büro ukomm, wollt ech mäin Handy aus der Mantelstäsch zéien, fir en, wéi ëmmer,  nieft deen „normalen“ Telefon ze leeën. Misär ! Vergiess ! Panik ! Wéi konnt dat nëmme passéieren ? A wat elo ?

Ech war, wann och nëmme fir e puer Minutten, kee Mënsch méi. Mä wann ech mer d’Saach elo mol sou aus der Distanz ukucken, da war ech et just an deem Moment. E Mënsch ouni Hightech, ouni Messagen, Kontakter, Fotoalbum an Apps. E Mënsch ouni Drock, permanent mussen ze kucken, ob net grad elo een gesimst huet. Ob dann och elo keen haut Gebuertsdag huet, deen op kee Fall dierf vergiess ginn. E Mënsch ouni Smartphone eben. Ongewinnt awer mol guer keen sou en desagréabelt Gefill. Mat der Zäit huet deen Apparat mer och carrément net méi gefeelt. Wuel awer och nëmme well ech wosst, datt en doheem nieft der Hausdier géing trëllen an néierens anescht an datt ech en owes nees kéint gesond a monter a meng Fangere schléissen.

Et war op alle Fall eng flott Experienz. Eppes ze vermëssen an et iergendwéi awer ze genéissen. Et war souzesoen 1 Dag Vakanz. An Dir wësst jo wéi et mat de Vakanzen ass: Um Enn ass een awer frou, wa se eriwwer ass an een nees doheem ka sinn. An der vertrauter Ëmgéigend an am gewinnten Traintrain.

Heiansdo froen ech mech, wéi mer virun 10 oder 15 Joer eens gi sinn. Mee dat ass nach een anert Puer Schong. Doriwwer maachen ech mer Gedanken, wann ech mäi clevere Frënd déi nächste Kéier lénks leie loossen.