Laachen ouni Grenzen

Mam Humor ass et jo esou eppes. Iwwer Witzer kënnen déi eng sech kromm laachen an déi aner gaapse vu Langweil. Déi eng rëselen de Kapp oder sinn entsat an déi aner schmunzelen iwwer d'Subtilitéit oder de schwaarzen Humor.
Dat variéiert no Geschlecht, no Alter, no sozialem Status oder no Ausbildung an och no Land an Nationalitéit. Den Englänner bescheinegt ee jo besonnesch de schwaarzen Humor, de Fransousen de subtilen an vun den Däitsche seet een dacks hiren Humor wier mam Loriot begruewe ginn.
An awer an trotz allen Ënnerscheeder oder sproochleche Barrièrë fonctionnéiert Laachen dacks um selwechten Niveau. Dat beschte Beispill ass den Ament nach ëmmer de franséische Film „Les Intouchables“- dee Film, dee bei sech doheem, bis elo, déi drëtt meescht Leit an de Kino gelackelt huet - no der Titanic an de Ch'tis. Zu Lëtzebuerg leeft en an der 18ter Woch a gëtt nach ëmmer gär entdeckt. Lescht Woch war ee vun de Kollege vun hei e kucken a surft zënterhier all Dag um Internet fir déi eng oder aner Zeen nach emol ze genéissen. Ganz besonnesch intressant ass d'Resultat vum Film awer an Däitschland. Do huet d'Verfilmung vun der authentescher Geschicht vum Philippe Borgo de Pozzo entretemps zënter Wochen d'Nummer 1 am Box-Office, an der däitscher Synchronisatioun wuelverstanen.
Op däitsch oder franséisch Wuertspillereien oder iwwerspëtzten Dialogen an Situatiounskomik - woubäi bei wäitem net alles politically correct ass - et schéngt iwwerall gelaacht ze ginn a kee geet sech dofir an de Keller verstoppen.
D'Geschicht ass jo déi authentesch vun engem franséischen Aristokrat, deen no engem Accident vu Kapp bis Fouss gelähmt ass an deen sech als Soigneur a Begleeder grad just den Driss sicht - dee grad aus dem Prisong kënnt an eng Aarbecht soll fannen.
Déi zwee och optesch vun der Hautfaarf hir ënnerschiddlech Mënschen léiere sech ëmmer besser kennen, erliewen d'Welt nei a gi Frënn. Eng aussergewéinlech Frëndschaft!
An an enger Krisen-Zäit, wou déi meescht Mënschen an der Onsécherheet liewen an op der Sich no feste Wäerter am Liewe sinn, schéngt esou e Message vu Frëndschaft an Hëllefsbereetschaft grad richteg ze kommen.
A wéi vill méi schéin ass de Message, wann een dobäi och nach gutt laache kann!