Lëtzebuerg soll anescht ginn: vum Gesondheetswiesen bis bei dat vun den Pensiounen, vun de Beamten bis bei d'Schoul. Sou gesellschaftlech Verännerungen wären nach ni eng einfach Saach a meeschtens och net populär. Firwat also net op Systemer zréckgräifen déi op aneren Platzen gutt funktionéieren?Sou hunn Qualitéitsmanagement wéi och Qualitéitssécherung an der Industrie eng laang Traditioun. Op elo fréier als DIN EN ISO 8402 oder haut just nach als ISO 9000, sou stinn dës Bezeechnungen schonns laang fir Normen ouni déi sech eng modern Wirtschaft an Industrie guer net méi denke léisst. Wat läit also méi no, sou Qualitéitsstrukturen, déi souwuel erfollegräich, iwwerpréifbar wéi och nohalteg sinn, och op de Beräich vun der Bildung ze iwwerdroen – an dat net nëmmen well d'OECD hir Fanger hei souwisou schonns am Spill huet.

Wat vun wäitem sënnvoll an einfach klengt gesäit vun no gekuckt awer méi komplizéiert aus, an sou loossen sech dës Normen net sou liicht iwwerdroen. Am Géigesaz zu aneren Beräicher kënnt dem Bildungswiesen eng besonnesch Roll zou. Sou bezitt sech Qualitéit an Industrie a Wirtschaft no den Erwaardungen souwuel vum Client wéi och vum Produkt. Doraus ergëtt sech déi pertinent Fro op et sech an de Beräicher Bildung an Erzéiung wierklech just ëm „Produkter“ handelt an op den „Schüler“ eenzeg an alleng e „Client“ vum Bildungsgeschäft ass?

D'Fro no der Qualitéit vu Bildung setzt engersäits viraus, datt ee weess wat een dorënner ze verstoen huet an anerersäits, datt Bildung wäit méi ëmfaasst, wéi eenzeg an eleng Qualitéitscritèren aus der Wirtschaft, sou z. B. Begrëffer wéi Autonomie, Responsabilitéit an Maturitéit. An dem Seen ass den Bildungskonsument e ganz anere Client, och well en eng grouss Eegendynamik mam Produkt „Cours/Bildung“ opweist. Sou kann also Qualitéit am Bildungswiesen nëmmen schwéier op maartwirtschaftlech Kriterien zeréckgefouert ginn, dat och well Bildung éischter staatlechen Interessien dénge soll, wéi de Gesetzer vum fräien Handel.

Wann also Politik fir den legalen Cadre an dem senger Ëmsetzung zoustänneg ass da gëllt et hei deenen Saache Rechnung ze droen, déi d'Qualitéit vum Bildungssystem nohalteg prägen. Déi eenzel Schoulen mussen um Hannergrond vun hirer eegener Autonomie der Fro nogoen „Wat ass dann eng gutt Schoul?“. Awer souwuel déi national wei och déi lokal Akteuren kommen net laanscht d'Fro no der Qualitéit vum Kärgeschäft vun Bildung nämlech dem eegentlech Schoul halen, de Coursen. Wien also Bildungsprozesser nohalteg steieren a séchere wëll, misst och an virun allem d'Fro „Wat ass gudden Unterrecht?“ an de Mëttelpunkt stellen.