Mam Fréijoer, wat jo den Ament amgaang ass, waakreg ze ginn, kënnt net nëmmen eis Natur sou lues nees op Touren, mä och eis sympathesch an äerdeg Cyclistefamill, zu där och de Gibbes Bertolo sech zielt ...Geet et Iech och esou ? Knapps sinn d’Temperaturen zweestelleg gëtt den Hometrainer hifälleg. Da geet et an de Keller, net fir eppes an d’Poubelle ze droen oder fir eng Fläsch Wäin erop ze huelen, mee fir dem Vëlo nees Liewen anzehauchen. Stëbs vum Suedel geblosen, Loft an d’Pneue gepompelt, d’Kette gebotzt a geschmiert an de Waasserbidong gespullt a frësch gefëllt. Um Casque pecht nach de verdréchente Schweess vum leschte Summer an d’Vëlosbox schéngt iwwert de Wanter e bësschen agaangen ze sinn ...

Endlech nees Vëloswieder ! D’accord: déi ganz Rau fueren och bei Reen a Wand. Mee ech si wuel éischter ee mat mëlle Baken an hunn domadder och kee Problem. Ee vun deene villen Hobby-Schlecken, déi ni wëlles hunn, eng Course ze fueren an no knapp zwou Stonnen ufänken, den Hënner ferm wéi ze kréien.

RTL

Ech sinn awer och (am „normale Liewen“) Automobilist. A weess, datt elo nees eng delikat Zäit op eise Stroossen ufänkt. Vëlosfuerer, déi zu zwee oder méi niewentenee fueren, rout Luuchten ignoréieren an och alt emol den Trottoir benotzen. Awer och Automobilisten, déi beim Iwwerhuele bal net op Distanz ginn, engem op der Kräizung séier nach d’Virfahrt huelen an nom Parke laanscht d’Strooss beim Erausklammen  d’Autosdier oprappen, ouni ze kucken.

Ëm Gottes Wëllen: et kënnt elo net zu Duell Vëlo géint Auto, zwee géint véier Rieder, kee Gestëppels a keng Hetzkampagn w.e.g., kee béise Fanger a keng Virveruerteelung. Et ass, zum Gléck, nach fréi am Joer. Nach hu béid Säiten Zäit a Geleeënheet sech kennenzeléiren, sech ze beschnoffelen, mam Schwanz ze wackelen ouni direkt ze billen oder ze schnapen. Mee dat geet nëmmen, wann de Wëllen och do ass, fir sech openeen anzeloossen. D’Strooss gehéiert jidderengem an och kengem. Wa mer eis all e bëssche beméien, een deen aneren ze respektéieren a vrun allem un d’Spillregelen halen, misste mer gutt a labber laanscht- resp. hannertenee kommen.

Muer sollen et 19 Grad ginn ? Da gesi mer eis wuel am fréien Nomëtten iergendwou op enger Nationale oder engem Chemin repris. Oder op engem Vëloswee. Där ginn et der jo och. Fir den Noutfall ...