Kony 2012

Am Internet, besonnesch op Youtube a Facebook, leeft zur Zäit eng opwänneg Campagne, fir den Joseph Kony ze fänken.
De Kony ass een Drecksack, ee Krichsverbriecher, een, dee Kanner als Zaldote rekrutéiert, an Ziviliste massakréiert. Zanter Joren scho probéieren déi regulär Arméien am Uganda an den Nopeschlänner, dee Kärel ze stoppen. Bis ewell ouni Erfolleg. An dofir hunn ee puer Amerikanesch Guttmenschen decidéiert, et géing elo duer, eng ONG gegrënnt, an eng Campagne lancéiert, milliouneschwéier, mat allen erdenkleche Gadgeten.
Wann dee Kony nämlech nach net gefaangen ass, sou hier These, dann haaptsächlech, well net genuch Leit vun him wéissten, an den Drock op d’Regierungen dofir net héich genuch wär fir en ze fänken.
Dass dat Argument Kabes ass, weisen sou Beispiller wéi déi vum Radovan Karadžić, dee fir d'Massaker vu Srebrenica d'Verantwortung huet, oder vum Bin Laden, senges Zeechens Terrorist an Popikon, deem säi Gesiicht a seng Dote wuel all Mënsch bekannt waren, an deen nawell während Joere weder fonnt nach festgeholl konnt ginn. Dass en haut a klenge Stécker bei de Fësch schwëmmt ass net de Verdéngscht vun e puer Internet-Hippien, mä dee vun de Geheimdéngschter.
A wann den Joseph Kony deemnächst sollt gefaangen oder erschoss ginn, da wäert dat genee sou wéineg de Verdéngscht vun där Aktioun um Internet sinn, mä alleng dee vun deene Leit déi hiert Liewe riskéieren, fir en ze fannen. A genee dat ass de Grond, firwat Campagnen um Internet sou populär sinn: Fir sech besser ze villen, fir d’Gefill hunn eppes gemaach ze hunn, brauch een näischt ze riskéieren, et geet duer, liddereg um Stull ze trëllen, an „I like“ ze klicken.
Dat hu sech wuel och d'Leit hannert dem Projet Kony 2012 geduecht. Dofir kann ee bei hinnen ausserdeem Bracelete kafe mat hirem Logo drop, fir op deem Wee seng Meenung ze demonstréieren, an si hu souguer Poustere gemoolt, déi een nuets op d'Mauere pape kann, an esou ee physeschen Effort brénge kann, am Kampf géingt de Joseph Kony.
Wann dat fonctionnéiert, kenne mer dat als nächst jo vläit mam Assad probéieren.