Jidderee kennt se, kee liest se. Artikelen iwwer Artikelen, déi à la base näischt anescht soen, wéi dass de Verkeefer ëmmer Recht huet, an de Keefer ëmmer onrecht. Conditions générales. Säiten a Säite vu Paragrafen, komplizéiert formuléiert, oft onverständlech souguer fir déi, déi se geschriwwen hunn.

Wéi ech d'lescht een neien Telefon kafe war - mat Abonnement wann ech gelift -, huet den Expert-Vendeur-Consultant-Technico-Commercial-Léierbouf mer sou ee Pavé dohinner geluecht, an nawell zimlech entgeeschtert gekuckt, wéi ech ugefaang hunn, deen ze liesen. No e puer Minutten ass en ongedëlleg ginn : „Dat braucht der lo awer net ganz ze liesen, Monsieur, do steet just dat Üblecht dran.“

“Majo wonnerbar, jonke Mënsch,” hunn ech geäntwert, “wat ass da sou dat Üblecht an ärer Branche ?” Wouropper hie gemengt huet, dat kéint hie mer lo sou direkt och net soen, ëmmerhinn hätt hien dee Vertrag och nach ni gelies, firwat och, et steet jo just dat Üblecht dran.

D'Fro déi sech do stellt ass natierlech, firwat de Client dann iwwerhaapt muss sou ee Wierk ënnerschreiwen, dat vum Volume hier locker mam Lord of the Rings mathale kann, an net einfach ee Krop däerf maachen op ee klenge Kartong op deem just zwee Wieder stinn: übleche Blabla.

Jidderee wéisst wat gemengt ass, nämlech dass de Client ëmmer deen Dommen ass, an de Geschäftsmann ëmmer Recht huet. An ech mengen dat nach net emol ironesch, de Client ass wierklech deen Dommen, soss wären nämlech net sou domm systematesch an ëmmer, alles, wat en dohinner geluecht kritt blann ze ënnerschreiwen, oder, um Internet, um Handy, um I-Trucs mat den Apps, blann ewechzeklicken, an op deem Wee zouzestëmme, soss misst een all déi Buschtawen nämlech net nëmme kucken, mä och mol liesen.

Fréier konnten d'Leit net schreiwen an hunn dofir Scribe beschäftegt. Haut si mer ze liddereg fir ze liesen a beschäftegen ëmmer méi … Affekoten. An kréien domadder genee déi Conditions généralen, déi mer verdéngt hunn.