Oft genuch lount et sech, dat Klenggedrocktent ze liesen, net nëmmen a Kontrakter, mä zum Beispill och op Verpakungen. Wéini stoung ech am Supermarché, mat enger Packung där fäerdeger Zopp an der Hand, dorobber eng Photo vun engem Teller wou offensichtlech déi Zopp dran ass, an deen Teller steet op engem Dësch, mat enger karéierter Napp, an niewendrun läit d'Läffelsgeschir, an et steet och nach eng Vase mat Blummen do, an niewendrun steet kleng geschriwwen: suggestion de présentation / Serviervorschlag.

Et war wichteg, drop hinzeweisen, well ouni dee klenge Saz hätt ech glat menge kënnen, am Pak mat dran, wär ausser dem Zoppepudder och nach den Dësch, d'Napp, den Teller, d'Läffelsgeschir, an natierlech d'Blummen. Oder op d’mannst ee Bong fir se um Internet ze bestellen. Et kann natierlech och ganz anescht gemengt sinn.

Huele mer mol un d'Zopp géif mer net schmaachen, an ech géif dann hir Service-Hotline uruffe fir mech ze beschwéieren. Vläit géifen déi mer da jo äntweren: Monsieur, hat der d'Zopp dann an engem Teller op enger karéierter Dëschnapp stoen? Nee, majo, wann dir iech och net un eise Serviervorschlag halt, da kënne mer natierlech net fir eis Zopp garantéieren.

Besonnesch gutt gefält mer och ëmmer den Hiwäis: Photo non contractuelle. Well heeschen: Wat am Pak dran ass, kéint och ganz anescht ausgesinn, wéi dat wat baussen dropgemoolt ass. An dat ass oft net vu Muttwëll. Do, wou d'Photo ee wonnerbare Plat versprécht, mat knusperege Stécker Poulet, fënnt sech an der Mikrowell herno just een ondefinéierbare Bräi erëm.

Lo kann een natierlech soen, wien Zopp aus der Tut an e Plat aus der Këscht ësst, verdéngt et net besser. Dat ass richteg, an ausserdeem war ee jo gewarnt. Ech froe mech just op sou Warnungen net och op aner Plaze missten obligatoresch sinn. Op Walprogrammer zum Beispiller. Oder op Dating-Säiten um Internet. Woubäi sech do bei munch enger Annonce d'Fro stelle géif, wéi eng Warnung da méi ubruecht wär: Photo non contractuelle … oder suggestion de présentation?