Fréijoersfrëndlechkeet

Zanter gutt 2 Stonnen ass et dann elo och offiziell: D’Fréijoer 2012 ass amgaangen. De Gibbes Bertolo mat e puer frëndleche Gedanken ...
Et gouf Zäit, fannt der net och ? Net, datt de Wanter elo därmoosse rau a laang war, mee et gouf einfach nëmmen Zäit, datt sech eppes deet. Datt sech eppes ännert, am positive Sënn. Et geet duer mat deenen desagreabelen Nouvellen. Ech wees, d’Kris verschwënnt net op Kommando an et wäerten och an Zukunft Leit op d’Strooss goen, fir hirer Roserei Loft ze maachen. A propos ...
Hutt der schonn eppes dovunner matkritt ? Mir sinn zanter gëschter an der internationaler Woch vun der Héiflechkeet op der Strooss. Jo, eng ganz Woch laang kënnen, dierfen, musse mer eis vun eiser beschter Säit weisen. Net virdrécken, kee Slalom fueren, bei all Zebrasträifen d’Leit eriwwerloossen an am Stau d’Gedold net verléieren an d’Nerve behalen. Dat dierft jo awer kengem schwéier falen, oder ?
Schwéierfälleg ass iwweregend vun haut un e Begrëff, deen elo mol fir eng Weil am Keller soll verschwannen. Sou wéi d’Wantergezei an d’Wanterpneuen. Vun haut un ginn aner Säiten opgezunn, eng Fréijoersbotz net nëmmen am a ronderëm d’Haus mä och am Kapp ! Kommt mir kucken mol nees méi optimistesch an zefridden op déi nächst Wochen a Méint. An denken net schonn nees un deen nächste Reen an deen nächste Knuet, deen eis op der Autobunn erwaart. Wéi sot mol eng Kéier e gescheite Kapp: „Den Optimist huet net manner onrecht ewéi de Pessimist. Mä e lieft méi frou.“
Gutt Virsätz gi jo gemenkerhand an der Sylvesternuet geholl. Abee haut wier dach d’Geleeënheet, déi Virsätz mol nees op de Leescht ze huelen oder einfach nëmmen nei Initiativen ze starten. D’Natur weist eis jo, wéi et geet.

Ech sinn einfach nëmme frou, datt d’Fréijoer ugefaangen huet. Heiansto brauch een net vill, gelldiert ? Kommt mir genéissen déi agreabel Momenter an der Sonn a freeën eis op dat, wat kënnt. All dat anert ass souwisou net ze änneren a mir wäerten nach dacks genuch mat där batterer Réalitéit konfrontéiert ginn. Elo ass d’Zäit vun der Bléi an de Moment fir den Tank ze fëllen. An dovunner soll eis och déi ominéis Fréijoersmiddegkeet net ofhalen.