Idioten kafen einfach alles – ass net nëmmen déi manner bekannt Ofkierzung vun engem groussem Miwwelgeschäft – mä beschreift och gutt eng nei Zort Pathologie: déi vum zwanghaften Konsum – kuerz dem Akafen. Devise hei: ëmmer alles nei kafen an dat direkt e puer mol. Wien hei net well matmaachen déi brauch sech och net ze outen – dir gitt vum selwen erkannt, ugefange bei de Kleeder bis bei den Handy an den Auto. Dat dëst Konsumverhalen dem Mënsch liicht fält dofir suergt ënnert anerem seng primitiv a berechenbar psychologesch Dispositioun : sou geet en am Marketing dovun aus dat spéitstens no 7 Joer keen séin Krom méi ka gesinn a Loscht huet séin Mobilier ze wiesselen.

Wor dat dann fréier anescht? Natierlech net – mat dräi klengen Ënnerscheeder: éischtens hat net jiddereen de Portemonni fir sou anzekafen an d'Kreditkaart war nach net erfonnt, zweetens krut en méi Post wéi Reklammen an dat nëmmen emol am Dag an drëttens gouf an der Erzéiung wäert drop geluecht op seng Saachen opzepassen fir se laang kennen ze halen – mam Argument: dat spuert Suen.

Sou ass et nach net all ze laang hir dat et normal wor mat de Kleeder vum groussen Brudder oder Schwëster aus dem Haus ze goen. Dat wär mol net komesch an och net fir ze laachen well jiddereen sou ronderëm gelaf ass.

Spueren ass jo och haut nach duerchaus sënnvoll. Nëmmen et däerf net jiddereen spueren a schonns guer net an economesch schwieregen Zäiten. Mam Spueren ass et nämlech schwéier fir en wirtschaftlechen Wuesstem vun 4 Prozent ze erreechen – an ouni deen sou heescht et wier et finito mam lëtzebuergeschen Modell allzäit wat Pensiounen an aner sozial Leeschtungen ubelaangt. Huele mer d'Beispill vun de Schung: fréie op d'Moos gemaach an ëmmer erëm beim Schouster gefleckt – dat gëtt hautdesdaags ze deier, an e richtege Schouster ass och net ëmmer liicht fannen. Do stellt sech d'Fro: ginn et keng Schung méi déi laang halen well et aus Wuesstemsgrënn keng méi däerfe ginn,oder awer well jiddereen et sech leeschte kann ëmmer erëm neier ze kafen nach iert déi al iwwerhaapt eng Chance kréien futti ze fueren an et dofir och iwwerhaapt keen Schouster méi ka ginn?

Sou kënnt et nieft aller Nostalgie zu engem interessanten Paradox: géife mer als Konsumenten déi Wäerter liewen no deene mer erzunn goufen da wiere mer als Homo oeconomicus guer net méi liewensfäeg. Mir hätten mat Sécherheet net déi Finanzkrise wéi mer se elo kennen dofir vläicht erëm méi Krankheeten, Honger an soss Misère. Sou huet all Modell séin Präis – et muss en sech just vun Zäit zu Zäit d'Fro stellen wat en bereet ass dofir op den Dësch ze leeën!