Wann ech vun engem eng Info kréie soll, soen ech direkt „Maach mer e Mail“! Déi huet de Virdeel, datt ech d'Info oder de Message schrëftlech hunn, datt ech en da liese kann, wann ech Zäit hunn an datt ech deemno och dann äntwere kann. Ëmgedréint schreiwen ech aus deem selwechte Grond och ëmmer gär Mailen, dacks esouguer u Sammeladressen, wou da jiddereen aus engem Interessegrupp déi selwecht Basisinformatiounen huet.

Mee grad esou ustrengend ass et awer entretemps, wann ech een Dag laang meng Mailen net kucken oder kucke kann an da komplett iwwerschwemmt gi vu Messagen, vun deenen der vill emol net fir mech perséinlech sinn respektiv guer keng Wichtegkeet hunn an deemno séier geläscht ginn. An an deem Delete-Elan geschitt et dann och, datt op eemol Maile verschwannen, déi een hätt sollen halen oder liesen.

Mee kënnt der iech nach virstellen, wéi mer fréier esou mat enee kommunikéiert hunn, fréier ouni Handy, ouni Tablet, ouni Laptop oder PC? Verstitt mech net falsch, ech wëll elo beileiwen, d'Auer net nees no hannen dréinen. Dovunner ofgesinn, datt dat guer net geet; wéilt ech och net op meng elektronesch Post verzichten.

An awer ass mer virun enger Zäit eppes Onerwaartes passéiert. Ech war net nëmme meng virtuell Mailbox kucken, mä och meng Bréifkëscht vrun der Dir eidel maachen. An do hunn ech nieft e puer Enveloppen- eng Postkaart fonnt.

Eng Iwwerraschung, ech weess net wéini ech fir d'lescht eng Postkaart kritt hunn respektiv selwer eng geschéckt hunn. D'Foto war net propper a kloer am neiste Photoshop opgepäppelt ginn an de léiwe perséinleche Message war och net an e puer Megabytes gedownloat a vun A op B gesent ginn.

Vrun e puer Deeg hunn ech eng ähnlech Geschicht héiere vun enger Kaart, déi aus Südamerika geschéckt gi war a 6 Woche virdrun do ofgestempelt gouf! 6 Woche fir en handgeschriwwene „schéine Bonjour“ an enger Zäit wou dee selwechte Message mat enger SMS vu knapps emol 2 Minutten ënnerwee gewiescht wier.

An awer ass sech a béide Fäll iwwer d'Kaarte gefreet ginn, vläicht well et esou almoudesch konventionell war.

Oder ass Kaarte schreiwen haut éischter deen „onkonventionelle“ Wee fir eppes matzedeelen?