Mir sinn eis eenz- de Kolleg Jang an ech. Am léifste géinge mer dës Saison kee Fussball-Match méi kucke goen. Allerdéngs ass ënnerschiddleche Grënn!Dobäi gouf et wierklech eng ideal Viraussetzung dëse Weekend fir als Supporter op en Terrain ze goen: dat herrlecht Fréijoerswieder.

D'Decisioun war laang geholl an de Billet reservéiert fir d'Equipe, fir déi een ëmmer d'Daumen dréckt, z'ënnerstëtzen. Datt et géing schwéier ginn, wosst ech vu vir eran, datt et géing en Debakel ginn, hat ech versicht ze verdrängen. Ma et gouf en Debakel! Well meng Equipe krut definitiv gewise wou de Bock d'Lach huet.

An trotz dem traurege Moment war deen Nomëtteg net ganz esou entsetzlech wéi ee kënnt mengen. Éischtens souz ech de ganzen Zäit mat kuerzen Äerm an der Sonn an zweetens hunn ech erlieft wéi stëmmungsvoll datt Fans hir Equipe kënnen ufeieren. Also déi aner wuelverstanen. Do gouf de ganze Match duerch gesongen an all Lidder ware Lidder vu Freed a Motivatioun. Näischt vun Aggressivitéit oder béisaarteg Gesäng géint déi aner Futtballfans.

Um Enn sinn ech awer nach besser ewech komm bei mengem Futtball-Weekend wéi de Jang.

Deen war net esou wäit gefuer an huet net ënner 60 000 Leit musse mat der Equipe leiden. Nee hie war just bis op Maacher an huet eng Partie an der BGL-League gekuckt, vun där gewosst war, datt se kënnt op Publikums-Niveau kriddeleg ginn.

D'Resultat um Terrain ass bal onwichteg an de Bilan um Pabeier vun der Police an deenen Offiziellen och net esou dramatesch wéi gefaart. An dach war d'Stëmmung an d'Ambiance op Flor esou stëppeleg an aggressiv tëscht deene sougenannte Fans, datt déi normal Supportere manner op dat gekuckt hunn wat um Terrain gelaf ass, wéi op dat wat ronderëm passéiert ass an der permanenter Angscht, datt et net awer géing eskaléieren.

Schued! Datt ee mat sengem Veräin duerch Déck an Dënn geet, gehéiert zum gudde Supporter, datt een dofir esouguer draschléit, sécher net.

Mä d'Geschicht ass net nei! Vläicht awer nach méi wéi ongewinnt op engem Lëtzebuerger Terrain. Dobäi wësse mer datt et hei am Fong net méi ëm de Sport geet an dat ass ëmsou méi Schued fir déi Supporter, déi aus Begeeschterung hannert hirem Veräi stinn.

Och wann deen um Terrain souzesoen ënnergeet!