Vun der Zukunft

Think globally act locally - Denk global an handel lokal – ass eng vu villen Äntwerten op d'Fro wéi mer mat der Welt am Sënn vun eisen zukünftegen Generatiounen sollen ëmgoen. Virun allem Elteren gesinn an dësem Motto eng Chance dat och hir Kanner nach eng liewenswäert Welt als Erwuessener fir fannen.
An genau dat schéngt ëmmer méi schwéier ze ginn – allzäit wann en der OECD gleeft. Fir eis 15-jähreg Schüler huet dës Organisatioun dëst Joer net nëmmen de PISA-Test virgesinn, mä och nach en Ausbléck wéi d'Welt soll ausgesinn, wann dës selwecht Schüler 53 Joer hunn an laang erwuesse sinn: Der OECD hiren Ëmweltausbléck. An egal wéi de PISA-Test och ausfält, sou ass elo schonns kloer, datt et ëm Welt 2050 net gutt bestallt ass.
Der OECD no géifen 2050 all Joers ronn 3 an 1/2 Millioune Mënschen un der knaschteger Loft stierwen, ëmmerhinn duebel sou vill wéi haut. Betraff wieren virun allem d'Awunner aus grousse Stied wou 2050 ëmmerhinn zwee Drëttel vun den néng Milliarden Mënschen liewen. Beim Waasser gesäit et net besser aus. Sou wieren 2050 d'Halschent vun eis net genuch mat Waasser versuergt an fir Fauna a Flora géif dat heeschen, datt all zéngt Spezies un dëse Konsequenzen géif ausstierwen. An eis Ustrengungen a Saachen Energie schéngen nohalteg net vill ze bréngen. Och wann mir heiheem – also lokal - da vill Energie aus Wand, Waasser oder Sonn wëlle gewannen, sou schéngt dat global iwwerhaapt näischt ze änneren: Bis 2050 ginn ëmmer nach 85 Prozent vum weltwäiten Energiebedarf aus Verbrennung gewonn also mat Kuel, Ueleg a Gas – sou d'OECD.
Sollt der elo der Iddi verfalen, dat wier de Welt hire Problem awer keen vun eisem klenge Ländchen, da sief drun erënnert, datt mer souzesoen am Zentrum vun engem risegen Industrie-Gebiet wunnen, jiddefalls wann en eis gréng Insel an den Mëttelpunkt vun engem 400km groussen Radius setzt. A Grenzen kënnen vläicht Gesetzer, Steieren an der TVA de Bass halen, awer géint knaschteg Loft oder Waasser riichten och si net vill aus.
Mä vläicht hunn d'Kritiker vun der OECD jo Recht an hir Previsiounen sinn genau sou onzoutreffend respektiv zweckutiltaristesch wéi vill Resultater vun hiren aneren Etuden och.
A sollt der ieren heemlech denken „dat geet mech näischt un well ech bis dohin net méi sinn!“ da werft mol e Bléck an der OECD hiren Ëmweltausbléck fir 2030! – hei gesäit et nämlech net wierklech besser aus!