wéi ass et mam Geliits ?

Bei rout bleiwen ech stoen, bei gréng däerf ech goen! Esou kréien eis Däbbessen et schonn an der Spillschoul bäibruecht. Leider ginn awer och déi einfachste Regelen ëmmer nees muttwëlleg op d’Kopp gehäit. De Gibbes Bertolo geet iwwer d’Strooss ...
Jo, ech muss et leider zouginn: et ass mir och scho mol passéiert. Wat heescht hei: passéiert – dat kléngt, ewéi wann den Zoufall seng Fangere mat am Spill gehat hätt ... also nach eng Kéier: Jo, ech sinn och scho mol bei rout iwwer d’Strooss gaangen! A wësst der wou ? Zu Paräis. Do wiesselt bal all Mënsch bei rout den Trottoir, do kënnt ee sech quasi als Aussesäiter vir, wann ee waart, bis et gréng gëtt. Mir sinn nun mol awer hei net zu Paräis. An dann nach ...
Et gi jo Leit, deene si Verkéiersregele relativ egal. Dat kann eis jo am Prinzip och egal sinn. Handy um Ouer während dem Fueren, Winker vergiess beim Ofbéien, Niwwelluuchten un am Moiestraffik op der Autobunn ... D'Hoffnung, datt dat sech enges Daags radikal ännert oder bessert hunn ech schonn zanter méi laangem opginn. Et ginn nun mol Käpp, déi denken héchstens bis bei d’Nuesespëtzt a kee Millimeter weider. Wéi et deenen anere ronderëm geet, interesséiert se net. Sollen déi dach kucken, datt se selwer eens ginn.
A wann dann elo een, mudderséileneleng, op enger Kräizung, wou wäit a breet keen Auto ze gesinn ass, bei rout iwwert den Zebrasträife leeft, ass dat jo beileiwe keng Doudsënn. Do si mer eis jo eens, och wann et net ganz korrekt ass. Wann allerdéngs op där anerer Säit Kanner, mat oder ouni Elteren, drop waarden, datt et soll gréng ginn, dann héiert de Spaass op. Dann huet een, w.e.g., egal wéi presséiert een ass, u säi gesonde Mënscheverstand z’appelléieren. Da soll, da muss ee sech nees senger Virbildfunktioun als Erwuessene bewosst ginn. Mä ... bei dawen Ouere muss och de Moralapostel Raute wénken.

Ech wäert op alle Fall och an Zukunft, wa Leit a Präsenz vu Kanner bei rout iwwer d’Strooss ginn, mäi Mond net halen. Ech weise mam Fanger op se, felicitéieren an applaudéieren se, a si frou, datt d’Kanner da selwer kënne gesinn, wéi een et net soll maachen. Weder hei, nach zu Paräis.
An esou Momenter gesinn ech ebe rout ...