Kommunikéieren nennt een dat wat mir Mënschen all Dag maachen- kommunikéieren heescht an der offizieller Bedeitung bei wikipedia: deelen, matdeelen, deelhuele loossen, gemeinsam maachen a vereenegen. Am grousse Ganzen elauter Aktiounen, déi d'Zesummeliewe vun eis Mënsche méi einfach maachen.Wann do wou Mënsche mateneen ze dinn hunn, net méi kommunikéiert gëtt, da gi gär Problemer ënner den Teppech gekiert. A wann déi dann eemol nees optauchen, sinn se dacks net méi ze geréieren an et kënnt gär zu engem Eclat.

An der Welt an där mer liewen, spillt d'Kommunikatioun ëmmer méi eng grouss Roll. Alles muss transparent a séier an direkt matgedeelt ginn, fir datt de Bierger an engem Land sech net virkomme muss, wéi wann him eppes géif verheemlecht ginn. A Plattforme fir un d'Informatiounen ze kommen, ginn et der ëmmer méi a si sinn ëmmer méi zougänglech fir jiddereen. Um Enn eng demokratesch gerecht Situatioun. Wien erënnert sech net dru wéi virun engem Joer an den nordafrikanesche Länner d'Revolutiounen ausgebrach sinn an den Internet an den Handy fir d'Mënschen am Land eng wichteg Source ware fir Informatiounen ze kréien an ze ginn.

Op där anerer Säit kann dat awer och aner Gefore mat sech bréngen. Trauregt Beispill ass dat vun Emden an Däitschland, wou lescht Woch e jonkt Meedche vun 11 Joer ëmbruecht gouf. An engem éischten Ament war e jonke Mann verhaft ginn, deem seng Onschold sech dunn erausgestallt huet. Op dee jonke Mënsch awer deen Trauma sou séier verschafft kritt, ass eng aner Fro. Net eleng deen dramateschen Ëmstand ass scho Belaaschtung genuch. En plus hat sech an der Stad, no der éischter Kommunikatioun un déi entsate Bierger, eng Well vu Roserei an Haass entwéckelt a sech op eemol iwwer sozial Netzwierker selbstänneg gemaach an bis un d'Limit vun der Selbstjustiz eragesteigert.

Esou Forme vun Haass an Oprou, si sécher net nei- vläicht waren et fréier just Diskussiounen a Gespréicher um Comptoir, mä an der multimedialer Welt kënnen se entretemps iwwerdimensional Ausmoossen unhuelen.

Dat ass déi däischter Säit vun der opgekläerter Kommunikatiounsgesellschaft. De franséische Philosoph Pierre Zaoui mat algeresch-jüdesche Wuerzelen huet an engem Artikel iwwer de Mäerder vun Toulouse ze verstoe ginn- datt elo d'Politik vu riets a vu lénks no Erklärunge sicht, déi gutt an hire Wahlmessage passen: mä datt dëst Verbriechen d'Symptom ass vun der Kris an där eis westlech Zivilisatioun sëtzt. An zwar déi: eis Kanner just an enger Zivilisatioun vum Bild a vun der virtueller Welt z'erzéien.

Dobäi ass Kommunikatioun jo souvill méi: deelen, matdeelen, deelhuele loossen, gemeinsam maachen a vereenegen.