Bestätegung

Mir liewen an enger Ielebougesellschaft. Dofir ass de Mënsch am 21. Jorhonnert wahrscheinlech och däitlech méi egoistesch a geltungssüchteg wéi säi Virgänger aus dem 20. Mä de Mënsch ass awer trotzdem och nach ëmmer e soziaalt Wiesen. An déi Dualitéit hëlt heiansdo grotesk Formen un.
Dofir gëtt et e puer Beispiller. Sozial Reseaue wéi „Facebook“ si jo drop ausgeluecht dass ee mat de Leit, déi engem wichteg sinn, a Kontakt bleift an iwwert hiert Liewen um Lafende gehale gëtt. Hautdesdaags gëtt eben net nëmme méi telefonéiert, mä et mailt een och, et „chat“ ee mateneen, an et schéckt ee sech Fotoen a Videoen. De soziale Kontakt geschitt zum Deel online. Mä wann een éierlech ass, dann huet een nu wierklech net all Dag eppes matzedeele wat d'Mënschheet weider bréngt, oder wat den Online-Kollegen e wierkleche Plus un Informatioun kéint ginn. An en Ersatz fir de perséinleche Kontakt mat engem Mënsch ass et scho guer net. Ech hu mech laang gefrot firwat verschidde Leit hire „Friends“ schreiwe mussen dass si mam Hond spadséiere waren oder dass d'Kand d'Wëndel des kéier awer esou richteg voll gemaach huet, also all nach esou onbedeitende Moment vun hirem Liewen op hirem Online-Profil erausposaunen. D'Äntwert ass eng ganz einfach: se si fest dovun iwwerzeegt dass dat hir Frënn a Kollegen interesséiert. Mä et kënnt nach dobäi, dass si sech am virtuellen Netz demonstrativ an d'Fënster stellen, well si no Unerkennung sichen. Op där enger Säit hu mir also de Mënsch dee sech seng eege Bühn schaaft wou hien Här a Meeschter ass a sengem Ego fräie Laf ka loossen, mä dee Mënsch steet ouni den Applaus vun de Leit ronderëm nawell alleng do, an dat wëll e grad net. Vill Leit falen ouni hir deeglech Dosis u virtueller Bestätegung an d'Depressioun. Si brauchen déi Bestätegung fir sech selwer z'orientéieren. Dofir gëtt och Jenni a Menni an den Online-Frëndeskreess opgeholl. Dat erhéicht de Potential.
En anert Beispill si Casting-Showen. Do melle sech Sänger, Dänzer, Kënschtler … jo, esouguer komplett talentfräi Zäitgenossen, déi iwwerzeegt sinn, dass si aussergewéinlech sinn an der Welt dat weise mussen. Si loossen dofir och alles mat sech maachen a si sech fir näischt ze schued. Den Ego triumphéiert. Et kéint ee mengen, dass sech e Mënsch dofir iwwerwannen a vill Selbstvertraue matbrénge misst. Esou gëtt et op alle Fall ëmmer duergestallt. Et ass awer genee ëmgekéiert: déi Leit sinn eigentlech extrem onsécher, an och si sinn op der Sich no Unerkennung, ob duerch de Verdikt vun enger Jury, déi dacks zum Deel selwer keng Ahnung vun der Matière huet, duerch d'Voting-Uerteel vum Public oder de Luefgesang vun der Reeboupress. All Mëttel ass gutt genuch fir senger Existenz e Sënn ze ginn, an all Applaus ass wëllkomm, och wann dee vun zweiwelhafter Säit kënnt.
Dat bréngt mech bei meng Konklusioun. Kennt der déi Leit déi een dacks an de Foussgängerzone begéingt an déi op hirem Schëld stoen hunn dass se iech fir en Euro eng kéier léifdrécken? D'Facebook-Spammer an d'Casting-Junkien hätte besser do e puer Euro dran z'investéieren. Et muss erëm méi gekuschelt ginn.