De Client ass Kinnek, heescht et emol. Dat ass awer net onbedéngt zu all Dageszäit an all Wochendag de Fall. Dës Lescht, et war freidesowes hallwer néng an engem grousse Supermarché, hunn ech net schlecht gestaunt.

Lass goung meng desagreabel Shopping-Aventure virum Rayon mat de spuenesche Wäiner. Déi Fläsch vun där Zort, déi ech wollt war net z'erreechen. Eng Employée vum Supermarché war grad amgaangen engem Client sämtlech Finesse vun der iberescher Wënzerkonscht z'erklären an en éischte Pardon fir bäizekomme, ass genee esou ignoréiert ginn, wéi den zweeten.

Nach ier deen drëtten „Entschëllegt mech wann ech gelift“ komme konnt, koum d'Geméis. Dat flottst um Freidegowend am Supermarché ass nämlech, dass d'Rayone fir de Super-Samschdeg scho gefëllt ginn an een alles frësch an am Iwwerfloss fënnt. De Weenche mam Geméis drop hat mech op jidder Fall mat vollem Karacho fonnt. Riicht hannen an d'Been. Erféiert sprangen ech op d'Säit, de Weenche gëtt laanscht gedréckt, mä en „Je suis désolé“ krut ech net ze héieren.

Bon, zeréck bei de Wäin. Nach ëmmer stoung de Schutzwall aus Employée a Client virun där Fläsch, déi ech a meng Ökotut pake wollt a wéi ech du probéiert hunn mech laanscht déi zwee Wächter vum hellege Bacchus ze drécken, sinn ech gutt versäckelt ginn. „Escusez-moi je suis en train d'informer un client“.

Kuerz drop goung mäi Wee bei d'Keess vun der Service-Wüst an där ech um Freideg Owend gelant war a well de Barcode-Scanner, meng haart erkämpfte Wäifläsch net erkannt huet, huet d'Madame hannert der Keess mech zeréck an de Rayon gedämpt, "parce qu'il y a plus personne à cette heure ci que j'peux appeller...".

Wou de Scanner dunn och déi zweet Fläsch net erkenne konnt oder wollt, war awer op emol een do, deen de Präis, deen ech der Caissière schonn zwee Mol gesot hat, confirméiere konnt!

Alles geet... an ech sinn aus deem Supermarché gaange mat zwee Gedanken. Éischtens: Déi nächste Kéier ginn ech meng Sue bei enger anerer Enseigne aus an zweetens: Wann d'Butteker deemnächst Freides alleguerten um 7 Auer Owes zoumaache musse, esou wéi de Mëttelstandsministère dat gären hätt, geschitt mer dat net méi, well ech dann no der Schaff keng Zäit méi hunn, fir akafen ze goen a villäicht ass de Client jo samschdesmoies Kinnek...