Et ass sécher eng Diskussioun, déi ëmmer nees opkënnt an déi meeschtens emotionell gefouert gëtt: „ Wat hu mer nach hei zu Lëtzebuerg wat eist ass, wat ass eis Identitéit, eise Patrimoine?

Ech hat d’läscht Woch 3 Jonker vu Mëtt 20 am Auto, déi genee déi Diskussioun gefouert hunn am Kontext vum lëtzebuerger  Aarbechtsmaart, wou ee vun deene Jonken der Meenung wor, datt si hei souwisou den 2. Präis kréichen, well an deene meeschten DRH en (spréch: Personalbüro en) Francophone un der Spëtzt wieren. Ee vun hinne sot: „ All d‘ Auslänner déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, missten zur Konditioun gesat kréie Lëtzebuergesch ze kënnen“.  Dorops ech : „Mach mol lues, esou radikal kann s de dat do net ugoen a souwisou deen do Probleme fënns de an der ganzer EU erëm“, ma ech wosst, datt déi Diskussioun zu engem Faass ouni Buedem géif ausaarten. Ma wéi esou dacks koum de Meeschter Zoufall mer zu Hëllef. Mir stounge just bäi enger rouder Luucht an der Afahrt vun enger Uertschaft an op der Säit stoung eent vun deene ville Stroosseschëlder, déi d’Automobiliste solle warnen, datt se ob d‘ Kanner sollen Uecht dinn, déi Klibbere gin. Dir kennt d‘ Schëld: „Passt op, mir gin klibberen“

Fir mech eng gutt Geleeënheet, déi 3 Jonk op d‘ Prouf ze stellen. „Apropos Sproch, sot ech, wat steet da falsch op dem Schëld do?“ Keng Äntwert! Klore Feeler vun der Eifeler Regel, virun engem Konsonant ass et net mir gin , ma mir gi klibberen… a wann do stéing : mir ginn Eeër fechten, kréich et 2 n.

Konklusioun, déi mer dunn an d’Diskussioun bruecht hunn. Esou laang mir Lëtzebuerger et net fäerdeg brénge mat dem néidege Serieux an der néideger Suergfalt mat eiser Sproch ëmzegoen, brauche mer eis net ze wonneren, wann d‘ Auslänner eis mat eisem Patois klibberen…

Ower elo am Eescht, ech weess net wéi vill där Schëlter an de Gemengen hei am Land opgestallt gi, ma et sinn der yet… Wann een dann nach weess, datt all Schëld ronn 170.-€ kascht, da verstinn ech net, datt mol keen et der Wärt fënnt eng Kéier nozekucken op alles korrekt ass ier et an d‘ Produktioun geet.

Ganz lëschteg ass, datt a vereenzelte Gemengen, den „n“ mat wäissem Scotch zougepecht ass, an deene Meeschten ass dat ower net de Fall. Positiv un der Saach ass, d‘ Schëlder, si béidsäiteg bedréckt, si kënnen och nach fir Liichtmesdag gebraucht ginn… do steet dann: „Mir gin liichten“