Confidential Privacy?

Ëmmer wann et heescht, Facebook oder Google änneren hir Conditions générales, a besonnesch d'Privacy Settings, ass d'Opreegung grouss: Wat wëllen déi dann elo scho rëm mat eise confidentiellen Donnéeë maachen? Mä wat ass eigentlech confidentiel?
Wéini koum ee Kolleg, an deen zielt mer, dass e gescheet gëtt, ech sollt dat awer kengem soen, et wär nämlech nach confidentiel. Confidentiel ass also eng Informatioun, déi en krut, soss awer keen aner däerf hunn. Net sou ganz, well kuerz drop hunn ech een anere begéint, dee war och schonn au courant. Confidentiel ass deemno eng Informatioun, déi nëmme wéineg Leit hunn, a kee vun hinnen däerf un een Drëtte weiderginn. Oder och net. E puer Deeg drop huet nämlech schonn ee vun deenen Drëtte probéiert erauszefannen, op ech net vläit eppes méi wéisst iwwert déi Scheedung, hie selwer kéint nämlech dee Betraffenen net froen, dee wéisst nämlech nach net, dass hien et wéisst. Wéi sou vill Leit war och deen hei wuel der Opfaassung, wichteg wär net, dass eng confidentiel Informatioun och confidentiel bleift, mä éischter, dass deen, vun deem se ausgeet, sou laang wéi méiglech der Meenung ass, dass seng Informatioun net duerch d'Welt posaunt gëtt. Mam Resultat, dass se zwar just gepëspert gëtt, mä dofir ëmsou méi schnell den Tour mécht.
Mat der Confidentialitéit ass et deemno e bësse wéi mam Schrödinger senger Kaz: Fir erauszefannen, op eng Informatioun ëmmer nach confidentiel ass oder net, bleift engem net vill anescht iwwreg, wéi ze froen, wie schonn au courant ass, a wien net, mam Resultat, dass herno jiddereen alles weess. A wann dann och dee leschte matkritt huet, wat eigentlech mol eng Kéier hätt solle confidentiel bleiwen, dann ass et den Tour vun der Boulevardspress fir ze titelen : „Jetzt enthüllt … das geheime Wat-och-ëmmer.“ Oft sinn déi Informatiounen esou geheim, dass déi Leit, ëm déi et geet, selwer nach ni dovunner gehéiert haten. A wat léiere mer dorausser: Wien eng Informatioun confidentiel hale wëll sollt dofir vläit einfach deen ëmgedréite Wee probéieren. De Leit souvill dovu schwätzen, dass kee méi dovunner héiere wëll, an si och sécher soss kengem et weiderverzielen. Iwwregens: Alles wat der hei liest ass absolut geheim.