Mir liewen am Zäitalter vum globalen Netzwierk. De Reid Hoffmann, senges Zeechens Member vum Conseil d'administration vu sou Frittebude wéi Zynga, Mozilla a LinkedIn, ass souguer der Meenung, dass et am 21. Jorhonnert manner drop ukënnt vill Geld, ewéi vill Friends a Connections ze hunn.

Dee Mann huet gutt schwätzen, hien ass Milliardär. Mä seng Idee, an déi passend englesch Neologismen, hu well laang de Wee an eise berufflechen Alldag fonnt. Ech war wéini op enger vun deene Weiderbildungs-Kapesëtzungen an der Chambre de Commerce, wou dichteg Leit manner dichtege Leit, déi ëmsou méi dichteg drakucken, ee Virtrag halen iwwert eppes, wat se selwer kaum verstan hunn. An um Schluss huet d'Madame, déi d'Moderatioun vun där Saach gemaach huet, eis fräigestallt mat de Wierder: „Sou, lo däerft der networken“.

Wat? Ech gesi Schnittercher, ech gesi Gedrénks, ech gesi kee Computer. Oder mengt se dass d'Leit, déi lo zwou Stonne wéi Schoulkanner brav dem Enseignant nogelauschtert hunn, lo endlech rëm däerfen ongenéiert op hirer Schwaarzbier an hiren iPhone spillen, an Facebook Updates duerch d'Welt schécken.

Wat gemengt war, war eppes ganz anescht, a fréier hätte mer dofir net „networke“ gesot, mä : „Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.“ An awer gëtt et tëscht enger almoudescher Receptioun an engem zäitgeméissen Network Event ee groussen Ënnerscheed: Wéi op Facebook a LinkedIn geet et och am – méi oder wéineger - reale Liewen drëm, Friends a Connections ze sammelen.

Mat vollem Mond schwätzt et sech schlecht, an awer soll een tëscht all Schnittche mat sou vill Leit wéi méiglech déi ëmmer selwecht platt Gespréicher féieren, wou et eigentlech ëmmer nëmmen drëm ze geet ze wëssen, wien een eng Kéier uruffe kann, wien ee kennt, deen eppes kann.

Eng agreabel Facette hunn sou Network Events dann awer. Wéi den Numm et scho seet, muss een déi Zäit virun allem eppes: Net worken. Och wann vun all deene Leit, déi net midd ginn, op ëmmer neien, ëmmer d'selwechten Events, hiert Network ze consolidéieren an auszebauen, dat kaum ee géif zouginn. Déi hunn dofir de Kapp vill ze vill an de Wolleken, oder villméi der Cloud. Bei Geleeënheet muss ech mol den Alain Atten froen op dat dofir alles Cloud-ercher sinn.