Et war eng Nouvelle - eng ënner villen internationalen Nouvellen, déi een an der Aktualitéit matkritt, opfänkt, ee Moment driwwer nodenkt, se da klasséiert a vergësst, op d'mannst net méi drun denkt, bis een aus iergend engem Grond nach emol drun erënnert gëtt an da seet: „Ah jo dat war deemools esou.“

D'Nouvelle op déi ech eraus wëll, hätt oder huet och vläicht bei villen déi Reaktioun ausgeléist an dat ass och absolut mënschlech a wëll ech net kritiséieren. Mir ass se iergendwéi hänke bliwwen, mol manner aus dem Aktualitéitsgrond oder well se sou spektakulär war. Obwuel spektakulär ass et jo awer schonn, wa Mënschen endlech nees hir Fräiheet erëmkréien an hiert Liewen. Ech schwätze vun den 10 Geiselen, déi d'lescht Woch vun de FARC-Rebellen a Kolumbien fräigelooss goufen, nodeems se zum Deel vrun 12 Joer a méi an den Dschungel verschleeft gi waren a vun enger Stop an déi aner gedriwwe goufen. D'Geschicht dovunner huet ee kannt a besonnesch d'Entféierung an d'Befreiung vun der prominentester vun de Geiselen, der Politikerin Ingrid Betancourt, huet ee viru Joere mat erlieft a mat gelidden. Elo kommen dann 10 Männer fräi, Politiker a Militär, déi e groussen Deel vun hirem Liewen a Gefaangenschaft verbruecht hunn. D'Freed ass grouss an d'Famill kann net gleewen, datt d'Angscht an d'Verlaangeren eriwwer sinn an datt elo nees alles normal gëtt.

Fro: Ass dat méiglech? Kann nees alles normal ginn? Ass et méiglech dann nees do weiderzefueren, wou een deemools opgehalen huet?

Et muss een nees léieren an engem mëlle Bett zu schlofen, an engem zouene Raum ze sinn, sech drëm ze këmmeren, datt eppes am Frigo ass. D'Apparater am Haushalt sinn anerer, haut gëtt sech am Internet informéiert, näischt geet méi ouni Handy.

A vill méi wichteg nach - wéi kann d'Zesummeliewe vun enger Famill ausgesinn, déi elo 12 Joer ausernee gerappt war, déi sech vläicht net méi kennt, sech awer nees muss unenee gewinnen? Bei ville sinn aus de Kanner vun deemools elo jonk Erwuessener ginn, déi hiert eegent Liewe féieren. Et ass eng psychologesch Duebel-Belaaschtung: mam Trauma vun der Gefaangenschaft eens ginn a mat der Realitéit vum Liewen haut.

Bonne chance am neie Liewen, kann een do nëmme wënschen.

An hoffentlech kommen nach weider esou schéin Amenter wéi déi, wou d'Männer hir Famill erëmgesinn hunn. Besonnesch deen heite Saz huet mer gutt gefall: „Mäi Papp huet wäiss Hoer, meng Mamm huet sech net geännert a meng Fra ass nach méi schéi wéi deemools“.

Trotz dem positive Schluss: Et gi leider nach ëmmer Geiselen op der Welt gehalen - och a Kolumbien.