Lëtzebuerg huet eng Schachweltmeeschterin! Fir d'éischte Kéier den Titel an deem Sport fir eist Land a fir d'éischte Kéier deen Titel fir eng Fra. Eng Sensatioun! An eist Land ass geckeg vu Freed an houfreg op säi Sophie. D'Leit feieren an d'Medie luewen.

Nee, dir hutt näischt verpasst an der Aktualitéit. Oder dach, dir hutt schonn eppes verpasst, mä näischt, wat der net nach kënnt nohuelen. Et ass dat nämlech d'Geschicht vum Lëtzebuerger Film „D'Symmetrie vum Päiperlek“, deen den Ament an eise Kinoe leeft. An d'Geschicht geet weider. Nodeems se géint de beschte Schachspiller vun der Welt gewonnen huet, muss déi jonk Fra elo géint e Computer untrieden an do stinn d'Chancen op eemol manner gutt. A wat geschitt - op eemol wiesselt och d'Stëmmung. De Wiert, dee schonn ëmmer wosst, wéi gutt dat Krappegt eemol géif ginn, verzaapt kee Fräibéier méi, mä kéng Spréch. Sou am Sënn vun: Dat konnt jo näischt ginn. Dat ka jo dach näischt, dat Meedchen. Ech wosst et nach ëmmer.

Jo a wann een dat esou héiert, da kënnt ee sech op eemol guer net méi vir wéi am Film, mä wéi an der Realitéit. Der aktueller Lëtzebuerger Realitéit - och wa mer bis dato awer nach ëmmer kee Schachweltmeeschter hunn, geschweigs dann eng Schachweltmeeschterin.

Dogéint hu mer awer ëmmerhinn an den offizielle Statistiken ewell eng Victoire bei engem vun den Haaptsportsevenementer vun der Welt.

Mä wann een esou ronderëm sech lauschtert a liest a kuckt, da falen engem haaptsächlech onzefridde Gesichter a Gespréicher op.

Schued, woubäi ech beileiwen net mengen, datt een ëmmer alles an den Himmel luewe muss. Nee, et muss een och kritesch hannerfroen an och op Defaitë kënnen agoen. Allerdéngs muss een och Defaitë kënnen astiechen. Well éierlech, nëmmen da kann ee sech iwwer Victoiren sou richteg freeën.

Mä et ass esou mënschlech, sech ze bretzen: Mir si Poopst oder mir si Literatur-Nobelpräis an da fale mer iwwert en hir, wann en eppes schreift, wat eis net gefält! Och wa mer sécher d'Recht hunn, kritesch driwwer ze denken.

Ech weess, dat Beispill ass net aus eisem Land.

Mä mir soen dofir gär mat Houfert: Mir si Giel.

Oder mir si Schachweltmeeschterin. Wann dat och just am Film.