Vum Asyl

Fir déi eng ass et d'Fest, wou de Jesus vun den Doudegen opersteet, fir déi aner ass et einfach de Retour vun der Sonn, an déi geet bekanntlech am Osten op, där Himmelsrichtung, déi sech och am Numm erëm fënnt: also Ouschteren, woubäi villen den Ouschterhues schonns Kultur genuch ass.
Vun haut aus gekuckt ass Ouschteren den Happy End – am amerikaneschen Sënn - vun enger tragescher Geschicht. Si fänkt un zu Betlehem, wou d'Solidaritéit net richteg gräift a keen e Bett fir dat héich schwangert Maria huet. Sou gëtt e Stall den offiziellen 'lieu de naissance' vun dem Këndchen, dat mer all kennen: dem Jesus. Déi nächst Schwieregkeete loossen och net laang op sech waarden: Dem Herodes ass deen neie neie Kinnek vun de Judden en Dar am An an e léisst kuerzerhand all d'Bouwen zu Betlehem ëmbréngen. Nëmme gutt, datt de Josef virdrun an engem Dram opgefuerdert gouf, ze emigréieren, an zwar an Ägypten. Wat maachen als Asylant ouni Diplom an ouni feste Wunnsëtz an engem frieme Land? An dozou nach all déi Geschichten iwwert dem Kand säi richtege Papp!
Sou gëtt de Jesus zum Botschafter vu senger eegener Saach a probéiert, d'Leit op all déi Mëssstänn opmierksam ze maachen. Zil: e friddlecht a gerecht also bessert Zesummeliewen. Dës 'noble cause', d'Gläichstellung vun all de Mënschen, ass der Politik och deemools schonns net geheier. Et gëtt versicht ze diffaméieren, ze banaliséieren a schliisslech ze intrigéieren. De Comptable gëtt schwaach a gesäit wéi e moderne Manager eng gutt Geleeënheet seng Pabeieren zu Geld ze maachen. Sou geet de Jesus vun sengem eegene Mataarbechter verroden: De Judas kann dësem Insider-Geschäft net widderstoen. D'Welt erlieft nom Sokrates fir zweete Kéier e Schauprozess a beschter sophistischer Traditioun – wéi mer se och haut nach kennen – mam Resultat: De Jesus gëtt zum Doud veruerteelt a gekräizegt.
Dobäi wär Kriminalitéit den Ëmstänn entspriechend net vill méi héich wéi haut. Versteet en d'Apostelen als e statisteschen Echantillon dann ergëtt sech dorausser en Taux de criminalité vun 8,3% - net schlecht fir ee Land ouni Sozial- a Bildungsinstitutiounen. Zu Lëtzebuerg – e Land voller Institutiounen - loung de Prozentsaz 2010 bei 5,7% - Tendenz no uewen.
Awer deemools wei haut gi mer all deene Leit, déi eis no Hëllef Froen, am léifsten ëmmer nach aus dem Wee. Mir bréngen se zwar schonns laang net méi ëm, dofir awer gären zréck dohin, wou se hir kommen; sécher mol iwwert d'Grenz an dat all ze oft klammheemlech! Sou gesinn huet och Asylpolitik eng laang Traditioun.