Jetlag

No iwwer 10 Joer huet et en mol rëm nees iwwert dee grousse Pull gezunn. De Gibbes Bertolo huet d’Ouschtervakanz an Amerika verbruecht a wollt erausfannen, ob d’Méiglechkeeten dann nach ëmmer onbegrenzt sinn ...
Mäi leschten Trip an d’States war annerhalleft Joer virum 9/11. Duerno ware Stars & Stripes a Mickey Mouse während zwou Dabbeliu-Amtsperioden keen Thema méi, mee lues a lues ass mäin Appetit op Bud Light a Lake Powell erëmkomm.
“Where do you come from? - Luxembourg!“ Also viru gutt 10 Joer huet nach bal jiddereen op meng Äntwert mat “Oh, Germany ...“ reagéiert. Déi Kéier war ech allerdéngs paff, datt quasi all zweete wosst, datt „Luxembourg“ ee butzegt Land am Häerz vun „old Europe“ ass.

© disney
Wien an d’USA wëll, muss d’Konditioune vun der Stee akzeptéieren. An déi maachen engem scho bei der Arees um Fluchhafe kloer, datt d’Amerikaner et mat der Sécherheet äusserst genee huelen. Foto, Fangerofdrock a Froebou sinn e „must“ wann ee de Fouss an déi eelst Demokratie vun der Welt wëll setzen. Mee dat hëlt een am Endeffekt gäre mat a Kaf, wann ee bis um Bord vum Grand Canyon steet oder virun deem impressionanten El Capitan am Yosemite-Nationalpark. Op där anerer Säit lackelt déi aner, déi „gefake-te“ Säit vun Amerika. Disneyland, de Paradäis fir déi Kleng. Oder Las Vegas, d’Disneyland fir grouss Paradäisvullen. „How are you today?“ Interesséiert dat se wierklech? Oder si se nëmmen op dee generéisen Tip aus, deen een nom Iessen nach laang zum Nodenken erausfuedert, ob een dann elo och wierklech genuch Drénkgeld fir de Service leie gelooss huet. Fir am Restaurant ze bleiwen: kleng Portiounen si rar, a wéi ee scho moies ëm hallwer 9 Eeër mat Speck a Bounen erofkritt, bleift mer ëmmer nach e Rätsel.

Tanken allerdéngs mécht (nach) Spaass. 80 Cent de Liter, do gëtt och de Lëtzebuerger jalous. An e Genoss ass och d’Fueren. Vive d’Automatik – do hues de ëmmer 1 Fouss fräi, a mat deem anere gëss de och net terribel Gas: d’Vitessen op Highway a Freeway si streng limitéiert, an dat funktionnéiert wonnerbar. Manner ass méi: manner Stress a méi Zäit fir de Bléck aus der Autosfënster.
Fazit: och no engem Joerzéngt ass déi nei Welt ëmmer nach déi al: mat Momenter rësselt een de Kapp an anerersäits kënnt sou eppes wéi Bewonnerung op. Schued, datt se ëmmer nach kee staarke Kaffi kënne maachen a Respekt, datt een ewell op ëmmer méi Plazen en éierbaren Espresso ka bestellen. Deen hält waakreg. Dee verhënnert den „american dream“. Leider konnt ech dee bis ewell nach net erliewen. Schold dorunner ass dee berühmten Jetlag. Deem hutt der iwwregens och dës 2 Minutten ze verdanken, déi gëschter Moien ëm hallwer 4 entstane sinn ...
