Gëschter wor de Weltdag vum Buch. Dovu wollt de Gérard Floener och profitéieren an ass an eng Librairie gaang, fir ee Buch ze kafen. A fir eng Kéier wollt hie keng Bande Dessinée hunn...

Et sollt ee Buch ganz ouni Biller sinn, just mat Text. Och där Bicher liesen ech heiansdo.

U sech hunn wollt ech ee Buch kafen, aus dem ech menge Kanner kéint virliesen. „De Wëllefchen an de Fiischen“, vun eisem nationalen Dichter, dem Dicks, ass mir aus menger eegener Kandheet a gudder Erënnerung bliwwen. Ech ka mech och nach drun erënneren, wéi meng Schwëster gekickelt huet, wann et geheescht huet: „Fiischen, Fiischen, ech hunn näischt z'iessen, Fiischen, Fiischen, ech muss dech friessen“!  Also firwat net déi Geschicht (an aner Pärele vum Dicks) un déi nächst Generatioun weider ginn? Also hunn ech der Rei no d'Librairie geklappt.

A wat hunn ech do fonnt? Näischt! Glat a guer näischt!

Et ginn zwar grouss Rayone mat Luxemburgensia. Déi stinn da voll mat Kach- a Velosbicher an Bicher iwwert d'Steiererklärung. Donieft fënnt een och nach e puer Bicher vun deenen aktuelle Lëtzebuerger Auteuren.

Mä déi grouss Klassiker? Quetschen och. 't ass alles, datt wéinstens de Renert do stoung! Vum Edmond de la Fontaine, wéi den Dicks mat richtegem Numm geheescht huet, gëtt et den Ament keng nei Editiounen. D'gesammelt Wierker si virun 30 Joer erauskomm, mä déi Editioun ass mëttlerweil vergraff.

Mam Dicks senger Musek ass dat bis elo nach net geschitt. Et gëtt ëmmer ee Gesank Veräin oder eng Musek, déi en CD mat senge Kaméidistécker ophëlt. Mä seng Texter? Sinn déi wierklech verluer, a just nach eppes, wat een an eng Bibliothéik siche geet?

Dat kann ech mir net virstellen. Well och wa seng Texter am 19te Joerhonnert geschriwwe gi sinn, hunn ech si als Kand nawell direkt verstan. Verschiddenes ass iwwert all déi Zäit nach ëmmer wouer, an de „Wëllefchen an de Fiischen“, fir nach eng Kéier op d'Ausgankssituatioun vu menger Frust zeréck ze kommen: Dat ass een zäitloost Mäerche mat enger Moral déi grad an dëse Krisenzäite wouer ass.

Ech fannen et schued, datt d'Klassiker aus der Lëtzebuerger Literatur net méi wäert sinn. Dat ass fir mech, wéi wann ech an Däitschland kee Goethe méi géif an de Librairie fannen, oder a Frankräich de Molière keen Thema méi wier.