Bei ville Leit fänkt den Dag eréischt no enger gudder Taass Kaffi un.  Wéi wann dat esou einfach wier ... de Gibbes Bertolo gesäit heiansdo vun elauter Beem de Bësch net méi !

Eent virop: ech si keng grouss Kaffistut. Mäi Konsum hält sech a Grenzen, mol méi, mol manner, a wann ieren en Dag ouni Koffein vergeet, ass dat och keen Drama.

Et vergeet awer bal keen Dag, wou ech net virun eisem hausinternen Automat stinn a mer all déi lackeleg Nimm op der Zong zergoe loossen. (Klamer op: et sinn der elo e puer dobäi, déi net op eiser Maschinn figuréieren, déi mer awer scho mol op anere Plazen an d’A gespronge sinn, Klamer zou).

Wat dierf et sinn ? Café au lait, Café Crema, Caffé frappé ? Cappuccino, Frappuccino, Mocaccino oder Mocachoco ? Marocchino, Caramel Macchiato, Ice Flavored Latte, Café Shakerato ? Moca Light, Espresso Lungo, Mélange, White Chocolate Moca ? Ristretto, Corretto, Americano, Caffèlatte, Latte Macchiato, Irish Coffee … oder léiwer en Déca ?

RTL

Mat Kaffi hunn all dës flott Kreatiounen nëmmen nach neelech ze dinn. Et gëtt es wuel dra verschafft, mä fir de Rescht sinn et delikat Kaloriëbommen. An ech weess net, ob mer eis däers och ëmmer esou bewosst sinn. Egal, Haaptsaach et schmaacht. Soll et jo och. Obwuel: Kaffi mat Vanills- oder Kanéilsgoût – ech weess jo net ... Ech hunn doheem zwar selwer sou eng praktesch Espressosmaschinn wou ee seng Aluminiumkapselen och net egal wou ze kafe kritt, hu mech awer mëttlerweil op 1 Zort festgeluecht. Do kann déi charmant Vendeuse am Buttek mer nach esou léif an iwwerzeegend déi ganz Palette un d’Häerz leeën: et bleift bei deem einfache Schwaarzen.

Waren dat nach Zäiten, wéi d’Mamm doheem nom Iessen e Biz Kaffi opgesat huet. Oder wann et Sonndes mëttes nom Trëppeltour e Stéck Taart mat enger Taass Kaffi gouf. Iergendwou an engem Schaf missten dach nach e puer där Pabeiers-Filtertuten trëllen. Kommt, mir trauen eis! Heemlech a voller Virfreed: eng hondsgewéinlech Taass Kaffi ...

Iwwregens: Scho mol eng Kéier de Kopi Luwak probéiert? Deen deierste Kaffi vun der Welt. Ech soen Iech awer elo léiwer net, aus wéi engem Lach déi Bounen erauskommen ...

RTL