Wéi den Georges Orwell viru ronn 70 Joer säi Roman 1984 geschriwwen huet, konnt nach kee sech denken, dass en mat sou ville Saache rechtbehale géif. Ee Konzept aus deem Buch, wat säit Laangem de Wee an eisen Alldag fonnt huet, ass dat vum Big Brother. A viru Kuerzem hunn ech éischt Trace vun zwee aner Konzepter, nämlech Doublethink an Newspeak an eiser Realitéit fonnt, an zwar bei der Virstellung vun der Regierung hirem faméise Spuerpak. „Spuermesuren : d'Accise ginn erop, d'Solidaritéitssteier klëmmt ëm zwee Prozent“, stoung op rtl.lu, well sou hat de Finanzminister dat erklärt. An ech hu mer virgestallt, wéi hie mat sou enger Logik senge Kanner erkläre géif, wéi een ee Budget geréiert. Wann ech an de Kino goe wollt, an ech hat mäi ganzt d'Geld fir d'Woch schonn ausginn, dann hu meng Eltere mer erklärt, dass ech d'Woch drop dann ebe méi spuere misst, dann hätt ech um Schluss vun där Woch bestëmmt genuch iwwreg, fir mer de Kino ze leeschten, an eng Cola nach dobäi. Mëttlerweil verstinn ech dann och, firwat mäi Papp ni Minister konnt ginn. Déi richteg Äntwert wär nämlech net gewiescht ze soen, Bouf, wanns de spuere wëlls, da muss de manner ausginn, mä Bouf, wanns de spuere wëlls, da muss de fir d'éischt emol kucken, dass de méi Täschegeld kriss. Géi mol d'Bom a bei d'Tatta froen, op déi der keng Solidaritéitssteier bezuele wëllen. Gutt huet mer och de Kommentar an enger vun eise groussen Dageszeitunge gefall, wou erklärt gouf, dass d'Scholden, déi de Staat haut mécht, eigentlech keng Scholde sinn, an domadder och kee Problem, soulaang dogéint Investitioune stinn. Dat ass dach mol gutt gesot. De Griichen hire Problem war da wahrscheinlech, dass se mat hire Scholden net genuch investéiert haten. Ëmmerhinn hu se mam Angela jo mëttlerweil eng Tatta fonnt, déi hinne beim Spueren hëlleft. Steieren erhéigen ass Spueren, Scholde sinn Investissementer,... mat där Zort Logik dierft fir Lëtzebuerg nom Nobelpräis fir Medezin, och dee fir Economie net méi laang op sech waarde loossen.