Relioun(en)

D'Weeër vum Här sinn onergrënndlech, an sou hunn och ech virun e puer Deeg aus net ganz ergrëndleche Grënn mäi Wee op Tréier fonnt, net fir do akafen ze goen, bei, wéi et gebietsmillenarteg ëmmer heescht, Vendeusen, déi frëndlech sinn an och Lëtzebuergesch verstinn, mä fir mer den hellege Rack unzekucken. Een 2000 Joer ale Läpp, uerg erofkomm, awer vun onermiesslechem Wäert, well de Jesus selwer e soll ugehat hunn. Net wäit ewech vun Tréier, nämlech am Klouschter zu Prüm, kann een eng aner, dozou passend Reliquie besichtegen, nämlech dem Jesus seng Sandalen. Lo ginn et genuch Leit, déi dat alles fir Mumpitz halen, well et éischtens net erwisen ass, dass dat wierklech Geschir aus dem Jesus sengem Kleederschaf ass, an et zweetens absolut kee rationelle Grond gëtt, deenen Denger dee geréngste Wärt zouzegestoen. Interessanterweis sinn et awer déi selwecht Leit, déi an engem Hardrock-Café net aus dem Staunen erauskommen, wann do eng Gittar hänkt, déi de Kurt Cobain soll an der Hand gehat hunn, ee Bréidchen ausgestallt gëtt, un deem den Elvis soll gebass hunn, oder ee Brëll läit, wou d'Lady Gaga soll doduerchgekuckt hunn. Bei Ebay um Internet gi fir Objeten, déi eigentlech kee Su wäert sinn, horrend Somme gebuede, just well iergend ee Star se mol eng Kéier an der Hand hat, an déi meescht ënnert eis, si bereet, fir ee Stéck Jeans-Stoff, wat vu Kanner am Vietnam zesummegebutt gëtt, eng Fortune ze bezuelen, wann just dee richtege Markennumm drop steet. An ass et net d'selwecht an der Konscht ? Beuerteele mer een Tableau wierklech nëmmen duerno, wéi flott en ausgesäit, oder net och villméi en Fonctioun vu sengem Auteur ? Wär d'Mona Lisa am Louvre nach ëmmer sou spektakulär ze kucken, wann et sech erausstelle géif, dass do just eng Kopie ausgestallt wär ? An sinn déi gefälschte Louis Vuittons Poschen net grad dofir sou beléift, well se glawenstechnesch déi selwecht Wierkung entfale wéi déi original Reliquien vum 1892 verstuerwene franséischen Entrepreneur ? Dass den Ubléck vun Apple-Produite bei Fans vun der Marque reliéis Gefiller opkomme léisst ass neurowëssenschaftlech jo scho méi laang nogewis. A pilgeren net Millioune Leit op der ganzer Welt all Joer honnerte Kilometer, just fir ee Concert vun iergend engem Sänger ze gesinn ? Ganz rational an ouni iergend eng Zort Relioun schéngt et deemno net ze goen. An deem Sënn: schéin Oktave !