Déi 4 Phase vum Acceptéieren

Virun e puer Joer nach hu mer am Glawe gelieft, Lëtzebuerg wär, wéi der Grand-Duchesse Charlotte hire Riedeschreiwer et mol ausgedréckt hat, dat glécklechst Land op der Welt, an dat sécherst souwisou, mat deene schlauste Bierger, deem beschte Schoulsystem, deem niddregste Chômage, an deene vollste Keesen. Als Lëtzebuerger war ee quasi genetesch programméiert, wirtschaftlech besser do ze stoe wéi d'Leit an den Nopeschlänner. Déi Zäite sinn ëm, mä nach hu mer eis net domadder offonnt. All Hobbypsycholog kennt d'Theorie vun de véier Phasen am Zesummenhang mat der Veraarbechtung vu Verloscht an Trauer. Well et schick ass, a méi geléiert kléngt, resuméieren ech se op Englesch : Denial, Anger, Depression an Acceptance. Wien e bëssen d'ëffentlech Diskussioun iwwer geplangte Reforme, suivéiert stellt fest, dass déi interessanterweis genee deem selwechte Schema entspriechen. Huele mer d'Schoulreform. Dass déi néideg ass steet ausser Fro, sou schlecht wéi eis Schüler regelméisseg beim Pisa-Test ofschneiden. Vill Leit hänken do awer nach an där éischter Phase fest : Denial. De Problem ewegdiskutéieren. Wéini huet zum Beispill een erklärt, dass Lëtzebuerg beim Pisa Test just dofir sou schlecht ofschneide géif, well et eise Schüler einfach egal wär op d'Land gutt oder schlecht géif dobausse stoen, an si dofir quasi express méi schlecht äntwere géifen, wéi se eigentlech kéinten, wann se da wéilten. D'Fro ass dann natiirlech, firwat zum Beispill am Staatsexamen, dee jo net vun der OCDE organiséiert gëtt, d'Resultater och net grat berauschend sinn, an d'Examensfroe vum Führerschäi viru kuerzem hu misse vereinfacht ginn, fir dass net all Kéiers wäit iwwer d'Halschend duerchfaalen. Anscheinend ass et awer ëmmer nach méi wéi all 5. Kandidat, deen net fäheg ass op sou banal Froen ze äntwerte wéi déi, op et néideg ass, regelméisseg den Drock an de Pneuen ze préiwen, oder op een am Reen de Sécherheetsofstand vergréissere sollt, oder besser huet, deem Virdrun an d'Mall ze fueren. Wat de Problem mat eise Staatsfinanzen ugeet, ass et net vill anescht. Nach viru Kuerzem hunn Leit erklärt, dass der Regierung hir Zuele falsch wären, an eis Staatskeess a Wierklechkeet guer kee signifikativen Defizit opweises hätt. Déi zweet Phase ass Anger, Roserei. Et geet duer d'Kommentaren op RTL.lu ze liesen ënnert den Artikel iwwer déi elo ugekënnegt Mesuretten, déi wuel nëmmen aus marketingtechnesche Grënn Spuermesure genannt ginn, fir ze verstoe wat ech mengen. Mol kucken op d'Freed iwwer déi ugekënnegt Mäerchenhochzäit eis aus där drëtter Phase erausrappe kann, éi mer dann endlech kollektiv an där véierter ukommen, acceptéieren, dass sech nach villes ännere muss, an d'Saach an Ugrëff huelen.