Eng Kiermes a Walen hunn eppes gemeinsam:  si ginn ëmmer sonndes gefeiert a virdru gëtt déi knaschteg Wäsch gemaach. Mam Ënnerscheed dat fir Kiermessonndeg gekuckt gëtt dat jiddereen alles propper huet a virun engem Walsonndeg jidderee kuckt dem aner seng knaschteg Wäsch ze fannen.  Ziel: der ganzer Wielerschaft weise wéi e Knaschtpitti oder Gréidi sech hannert dem Wahlversprieche vum politesche Géigner verstoppt.

Gëtt virun der Kiermes den Hämmelsmarsch gespillt sou gëtt och viru Walen de Marsch geblosen: an zwar dat all déi aner vum Lämmes gebass wieren, fir esou déi eegen Hammelen an der Gitt ze halen. Dat et hei net ëmmer mat faire Methoden zou geet a sech gären de Batti gestallt gëtt, ass laang gewosst a schéngt jiddereen z'arrangéieren. Wéi am richtege Liewe gëtt och am politeschen Theater e Stéck fir de Wieler inszenéiert an hannert der Bühn geet et e bëssi méi ruppeg zou.

Sou ass et net verwonnerlech dat virum zweeten Tour an den franséische Presidentielle souwuel den Här Sarkozy wéi och den Här Hollande alles gäre sou wäiss duerstelle wéi mol keen industriellt Wäschmëttel dat iwwerhaapt versprieche wëll.

Interessant dobäi ass d'Fro vun der Probabilitéit vun deene Flecken – also wéi plausibel a glafwierdeg sinn déi eenzel Virwërf. Eng Woch virum 2. Tour huet sech sou den Dominique Strauss-Kahn an d'Spill gemëscht. Hien huet seng Nuecht am Hotel zu New-York net vergiess a wërft dem aktuelle franséische President fir dës Affaire inszenéiert ze hu mam Ziel eng Kandidatur vun him selwer vu fir eran ze verhënneren. Och d'Noriicht Libyen wier bei de leschte Presidentielle bereet gewiescht den Här Sarkozy mat 50 Milliounen Euro z'ënnerstëtzen ass duebel brisant: emol innepolitesch an zweetens am Kontext vun der dach eendeiteger Positioun vu Frankräich während dem NATO-Asaz a Libyen. Dementien loossen och net laang op sech waarden. Wat elo wouer ass wësse just dee betraffe Kandidaten an dem Wieler bleift just d'Fro: géif et mech schockéiere wann et esou wier oder net?

A wie keng Äntwert fënnt deem bleift als Trouscht d'Oktav: do bitt sech jo nach d'Geleeënheet dat laizistescht Frankräich an e Gebiet mat anzeschléissen oder wann dofir keng Zäit ass eng Käerz unzefänken, fir dat op d'mannst eng Luucht am Land vun den Lumières liicht. An dat hoffentlech och (erëm) nach nom 6. Mee...