Wat hutt dir e Sonndeg op der Tëlee gekuckt? D'Biller vun Touch my Auto? De leschten Tatort vum Cenk Batu? Oder dach awer d'franséisch Wahlen? Spannung sollt et iwwerall ginn.

E Sonndeg den Owend sou kuerz vrun 8 Auer, ier dat offiziell offiziellt Resultat vun de franséische Presidentiellen endlech do war, ass et hin an hier gaangen: Schaltungen op divers Plazen uechtert d'Land, Impressioune vun hei a vun do, Gäscht ronderëm den Dësch, déi eppes hunn duerfe soen, awer net ze vill. D'Spannung gouf opgebaut wéi an engem Thriller oder an enger Casting-Show.

Vläicht ass et jo och esou eppes wéi eng Casting-Show! Et hätt nach gefeelt, datt den Opruff gewiescht wier: Dir kënnt nach „voten“- et bleiwen nach 10 Minutten an 20 Sekonnen! Oder deen, deen am längsten d'Hand un der Klensch vum Elysée huet, gewënnt!

Mä war dee Suspense wierklech e Suspense oder gouf net iergendwou scho mat klore Signaler vrun 8 gewisen, wat kéim? Vläicht iwwerdreiwen ech, vläicht war et gewollt, vläicht ongewollt? Mä ech hu mer dach esou meng Gedanken iwwer de klengen Detail Kleederuerdnung op der franséischer Tëlee gemaach. Beim éischten Tour virun 2 Woche war mer schonn opgefall, datt d'Presentatricen um Plateau alleguer an ouni Ausnahm wäiss ugedoe waren an d'Presentateuren all am schwaarze Kostüm waren. Vläicht sollt domatter eng gewëssen Neutralitéit gehale ginn - villes ass jo méi wéi reglementéiert an de politeschen Emissioune ronderëm déi franséisch Wahlen.Virgëschter war ech dann nees gespaant, fir no där Kleederuerdnung ze kucken, a kuck do - och déi Kéier de Presentateur am Schwaarz an d'Presentatricen am Wäiss. Bis op eng Ausnahm! Op TF1 war d'Laurence Ferrari a knallegem Rout! War dat dann awer e Clin d'oeil op dat spéidert Resultat?

Net geplangt waren dogéint sécher e Sonndeg den Owend zwee Amenter op der däitscher Tëlee. Op der ARD sinn am Tatort am dramateschsten Ament op eemol Stëmmen aus dem „Jenseits“ opgetaucht, well iergendwou an der Regie schonn een d'Mikroe vun der Wahlemissioun vu méi spéit opgemaach hat. A beim Günther Jauch huet dunn och nach e rosene Mann aus dem Publikum säin Uleies haart erausgejaut.

„Pleiten, Pech und Pannen“ oder awer alles keen Zoufall?