Apropos Kräizung

Wéi sou oft an der Lescht hunn ech och gëscht un de Robert Frost (1874-1963) missen denken. Méi genau u säi Gedicht: The Road Not Taken – aus dem Joer 1916 - an dat am Kontext vun eise 'klenge' gesellschaftleche Schwieregkeeten. Eng Zort Bauchwéi, déi souwuel Lëtzebuerg wéi och de Lëtzebuerger net gewinnt ass – oder soll ech soen net méi gewinnt ass.
Mam néidege Recul gekuckt, schéngt et, wéi wann de ganze Lëtzebuerger Modell a Fro gestallt wier: vun der Gesondheet- bis bei d'Bildungspolitik, vu Renten a aner sozialpoliteschen Dossieren wéi och d'Finanzen an d'Wirtschaft, fir just den Index ze nennen.
Der Politik hiert eenzeg bis ewell bekannte Géigemëttel nennt sech Reform a Spueren. Mat Niewewierkungen, déi sou wäit ginn, datt d'Regierung an der Reform vum eegene Fonctionnement selwer d'Handduch muss werfen an 'Noverhandelen' gutt Chancen huet, d'Onwuert vum Joer ze ginn. Sou schéngt op mannst um politesche Plang de Lëtzebuerger Modell neierdéngs en Dauerpatient ze sinn, eng Zort Hypochonder am duebele Sënn vum Wuert. Während déi eng behaapten, mir kinnte gutt dem Molière säin „malade imaginaire“ spillen, weisen déi aner drop hin, datt d'Angscht sech ënnert de Leit breet mécht – wéi et och vum leschten Ilres-Sondage ënnerstrach gouf.
Resultat: Op Schratt an Tratt begéint ee Leit, déi deenen anere wëlle kloer maachen, datt mer um falsche Wee sinn. Dat ass net einfach ze verstoen: Laang Zäit wor dëse Wee deen Eenzegen, du just nach dee Richtegen. Bis en op eemol zum séchere Wee gouf, dee sech da letztendlech als Irrwee erweist. Interessant ass, datt déi selwecht Leit, déi eis op dësen Itineraire bruecht hunn, och déi sinn, déi dës Odyssee op eemol selwer net méi wëlle matmaachen, oder op mannst net bis zum Schluss wëlle goen.
Datt d'Politik selwer viru sou enger Kräizung steet, weist eis Staatsschold: an zwar eigentlech genau ze wëssen, wou et misst higoen, fir der Scholdespiral entgéint ze wierken, a genau sou gutt ze wëssen, datt iwwert dee Wee well laang kee méi gaangen ass. A wann een 40 Joer dee selwechte Piedche getrëppelt ass, muss d'Fro erlaabt sinn, ob mer de Courage an d'Kompetenz zesumme kréien, fir wierklech nei Weeër ze goen?
Net datt mer zum Schluss all en anert Gedicht vum Robert Frost virgelies kréien: an zwar "Fire and Ice"!