Mir sollen net esou gourmangseg sinn, sot eise Premier dee leschten Dënschdeg bei senger Ried zur Lag vun der Natioun. Mir sollen net op allem setze bleiwen, wat mer hunn oder nëmme probéieren, nach méi ze kréien, mä am Sënn vun der aktueller Kris an am Respekt vrun deenen, déi sech net esou vill leeschte kënnen, och emol nees léiere méi bescheiden ze ginn.Besonnesch d'Katholike wëssen, datt Gourmangsegkeet zu de siwen Doudsënne gezielt gëtt, och wann d'Strof dofir - also d'Häll oder d'Feegfeier - entretemps ofgeschaf gouf.

Wat net heescht, datt et Gourmangsegkeet net gëtt. Vrun e puer Deeg hunn ech engem Bekannten nogelauschtert, deen eng Woch laang op der Fréijoersfoire am Asaz war an deen - sou hunn ech en nach ni héieren - wuertwiertlech degoûtéiert war. Degoûtéiert vun deem, wat en do Dag fir Dag nogekuckt huet. Soubal fir näischt anzwousch opgedëscht oder erausgeschott gouf, da waren d'Zoustänn quasi déi selwecht wéi bei engem Trach, wou Béischte gefiddert ginn.

Et gouf sech bäigedréckt a bäigeschmiert, wat jo bei Gratis-Aktiounen nach ze verstoen ass, mä et waren um Enn ëmmer déi selwecht, déi mat den Ielbéi geschafft hunn, fir de gudde Maufel oder déi klengste Schlupp fir näischt ze kréien.

Vun der Fréijoersfoire koumen dann och keng ganz positiv Echoen. De politesche Message vun de leschten Deeg "Spueren, spueren, spueren" wier Schold drun, datt vill manner verkaaft a vill manner Geschäfter gemaach goufen dëst Joer wéi soss, trotz méi Visiteuren. Mä bon, wann alles gratis ass.

Och däitlech méi Pilger hu se dëst Joer an der Oktav gezielt - am Fong jo och gratis. Do kënnt e spirituelle Besoin - wéi de Paschtouer aus der Kathedral sot - de Grond derfir ze sinn. Um Mäertchen niewendrun hu Gourmangsegkeet a Knéckegkeet – och eng vun den Doudsënnen – keng Roll gespillt, well d'Forainen um Mäertchen si méi wéi zefridde mam Resultat.

An do waren d'Gromperekichelcher an d'Eisekuchen op alle Fall net gratis.

Spillt do lo ieren nees d'Lëtzebuerger Sprachwuert "Wat näischt kascht, dat ass och näischt"? Dat kléngt dann nees no Iwwerhieflechkeet an Arroganz, wat nees an d'Lëscht vun deene 7 gehéiert.

Jo wéi een et mécht ...