Geschicht kennt vill dichteg Leit! Geschicht kennt och vill dichteg Rieden! En Evenement, wat all Joers versicht, dësen zwou Konditioune gerecht ze ginn, ass d'Ried zur Lag vun der Natioun. Gehal vun eisem Premier – virun der Chamber, also de Volleksvertrieder, respektiv mir alleguer - op mannst am Sënn vun der Wahlberechtegung.

Do gouf sech d'lescht Woch ënnert anerem och de Kapp zerbrach iwwert d'Wunnen heiheem, virun allem déi vill Suergen, déi de Premier duerch Terrainspräisser huet. A well de Problem net an de Grëff ze kréien ass, bleift just eng logesch Konklusioun: Mir kleng Lëtzebuerger kréien den Hals selwer net voll oder ech zitéieren: "Déi eng Lëtzebuerger beuten déi aner Lëtzebuerger aus." An der enger Hand e Schëld géint de Grousskapitalismus fir mat der anerer Hand an der eegener Täsch gutt op déi eege Mënz opzepassen. Dës ganz Situatioun gouf vum Regierungschef treffend beschriwwen – si ass och net nei - an et ass der Politik bestëmmt net einfach gefall, sech a Saache Logement eng Datz ze ginn.

D'Ausso vun der géigesäiteger Ausbeutung erënnert och un een aneren historesche Gedanke vun engem aneren dichtege Kapp: dem Eubulides säi Paradox vum Léien – besser bekannt als d'Geschicht vum Kreter déi seet: "All Kreter léien!"

Wann also de Premier – den jo och Lëtzebuerger ass - de Lëtzebuerger virwërft, si géifen déi aner Lëtzebuerger ausbeuten – da kënnt et zu engem weidere logesche Problem: nämlech datt en unhuele muss, datt och d'Regierung sou mat den eegene Leit verfiert an net fir näischt gëtt an der Ried gesot, ech zitéieren: "dës Remarque applizéiert sech selbstverständlech och op de Staat." Den Opruff no méi Solidaritéit kann ech selwer nëmmen ënnerstëtzen, woubäi wier et net grad um Staat, fir mam beschte Beispill virzegoen? Datt en am Glashaus awer d'Fanger vun de Steng soll loossen, weess och de Pappa Staat - fir d'Fro, wien dann den éischte soll werfen, guer net ze stellen.

Sou dréine mer och hei – wei bei all Paradox – am Krees, allzäit sou laang mer un eisem aktuellen "Lëtzebuerger Grondwiesen" festhalen; a mir ginn net nëmmen dronkeg duerch déi "exorbitant Präisser".

Interessant ass an dem Kontext de Wittgenstein, och en Dichtegen, dee behaapt huet, et kinnt ee bei dëse logesche Problemer weider fueren bis ee schwaarz gëtt. En interessant Sproochspill – fannt Der net och?