Impressioune vun der Fréijoersfoire

Wie sech gewonnert huet, dass d'lescht Woch souvill Camionnette vu Wäinhändler uechter d'Land ënnerwee waren, ...
... dee sief drun erënnert, dass d'Fréijoersfoire grad emol 8 Deeg eriwwer ass, an déi sëlleche Commanden, déi do opgeholl goufen, hu missen ausgeliwwert ginn. Wéi een héiert, ass et dëst Joer allerdéngs alt rëm eng Kéier méi lues gelaf wéi d'Joer virdrun, et si manner Leit komm, an déi waren och nach gäizeg.
Wéi ëmmer waren d'Grënn séier fonnt: d'Kris, säit e puer Joer d'Universalexcuse fir alles wat net leeft wéi et soll, an dat gutt Wieder.
Onofhängeg vum Programm, geet de Lëtzebuerger anscheinend nëmmen op d'Foire, wann et reent. Ausser et reent ze vill, well dann ass net gutt fueren. Donneschdes a freides gouf et eng Nocturne, an domadder eng ideal Geleeënheet, fir no der Aarbecht ee gratis Apéro schmaachen ze goen.
Interessanterweis steet d'Police zwar bei all Duerffest mam Ethylometer virun der Hal, mä ech hunn net eng Kontroll bei de Barrièrë vun der Luxexpo gesinn. Dobäi wär grad do méi Ëmsaz ze maache gewiescht, wéi op munch engem Stand.
Zu wéi enger Zort Visiteur gehéiert dir eigentlech? Zu deenen, déi op d'Foire komme fir nei Produiten ze entdecken? Zu deenen, déi aus Traditioun kommen, Haaptsaach et reent? Zu deenen, déi souwisou schonn alles kennen?
Als Exposant ass dat ëmmer relativ witzeg, wann ee sou eng Koppel virum Stand stoen huet, an d'Fra freet de Mann, „wat hunn déi hei dann?“ An dee gëtt da seng fräi Interpretatioun vun der Realitéit, mat der obligater Konklusioun: „dat ass souwisou alles Kabes, a vill ze deier“ – an zwar onofhängeg dovunner, op en de Präis kennt oder net.
Eng lescht Kategorie Visiteure sinn d'Jeeër a Sammler, Leit, déi bei engem virtuelle Concours matmaachen, wie bannent enger Stonn am meeschte Bicken, Stickeren, Ballonen a soss Gadgeten an Echantillonen asammelt, woubäi et Extra-Punkte ginn, wann een dat sou séier mécht, dass een nach net mol bei Stand muss stoe bleiwen, fir net de Risk ze lafen, ugeschwat ze ginn, oder matzekréien, wat a bei wiem een iwwerhaapt grad agestach huet. Wien de Feeler mécht, an dem Exposant erlaabt Akontakt hierzestellen, däerf sech iwwregens ëmmer mat deem heite Saz fräikafen: „Dat däerf ee jo huelen? Et ass fir eist Klengt!“, woumatter jee no Fall d'Kand, d'Enkelin, den Hond oder eng imaginär Frëndin gemengt ass, déi leider net matkomme konnt, well et net geduecht hat, dass et awer nach reene géif …
An deem Sënn: wat gëtt et eigentlech op der Hierschtfoire ze schmaachen?