E falschen Doud am richtege Liewen

Wat geschitt, wann een op eemol am richtege Liewen an e falschen Doud gerappt gëtt? Dat steet an engem aktuelle Buch ze liesen - zwar kee Roman, mä e Sachbuch iwwer d'Liewensgeschicht - jo et ass eng Liewensgeschicht trotz Doudesannonce - vun enger jonker Fra aus dem Iran.
Hiren Numm ass Neda Soltani. 2009 lieft si zu Teheran, huet Englesch studéiert, soll als Professesch schaffen an huet wëlles mat hirem Frënd e gemeinsaamt Liewen opzebauen. Mir sinn den 20. Juni 2009 - kuerz virdru waren am Iran Presidentschaftswahlen an d'Leit ginn op d'Stroossen, fir iwwer Ongerechtegkeeten an Gefuddels bei dëse Walen ze demonstréieren. Dobäi stierft eng jonk Fra.
D'Neda Soltani kritt dat wuel mat, ass awer weder politesch engagéiert nach genuch intresséiert. Den Dag nom Doud vun der jonker Demonstrantin ass si iwwerrascht op Facebook eng ganz Rei vu Frëndschaftsdemanden ze fannen aus alle méigleche Plazen op der Welt. Där Demandë kommen ëmmer méi an owes erkennt d'Neda Soltani op der Televisioun gefilmten Handys-Biller vum gewaltsamen Doud vun der jonker Demonstrantin, déi bal esou heescht wéi si - Neda Agha-Soltan, an donieft ageblennt dann hir eege Foto!
D'Neda Soltani probéiert, dës Verwiesslung aus der Welt ze schafen. Schreift jidderengem, datt net si dat wier, mä wuel een op hiren Numm am Netz gefall ass an d'Foto publizéiert huet. Hir Geschicht, déi net hir Geschicht ass, geet ronderëm d'Welt. Hiert d'Gesicht, dat net d'Gesicht vum Affer ass, geet ronderëm d'Welt. A bleift natierlech och bei der iranescher Regierung hänken. Op eemol taucht de Geheimdéngscht op a verhéiert si.
3 Mol am Ganzen an iergendwann erkennt déi jonk Fra, datt si dëse Mëssel, dësen Iertum, dës Verwiesslung vläicht nach aus der Welt, awer net méi aus hirem Liewe schafe kann. Si decidéiert, fortzelafen aus dem Iran, an deem se sech eigentlech wollt hiert Liewen opbauen.
Frënn a Bekannter hëllefen - där aus dem richtege Liewen an där iwwer Facebook. Iwwer Ëmweeër kënnt se an Däitschland, wou se entretemps och Asyl huet.
Hiert Liewen huet se gelooss, wuel net op der Strooss, mä an der Vergaangenheet. Nach ëmmer - esou d'Neda Soltani - taucht hiren Numm falsch an de Medien op.
Dofir huet se hir Geschicht elo als Buch erausginn. Selwer geschriwwen! Well an hirem Numm wëll se soss kee méi schreiwe loossen.
D'Buch vum Neda Soltani heescht „Mein gestohlenes Gesicht“.