Mir liewen an enger Kommunikatiounsgesellschaft, ma mir hunn d’ Gebrauchsanweisung verluer.

Gëschter virun enger Woch hu se hei um Radio duerchginn : An der Uertschaft X, sollen d’ Leit bis op weideres kee Krunnewaasser  drénken, Analysen hätten eng liicht bakteriell Verknaschtung festgestallt.

Net nëmme, well ech och an der Uertschaft wunnen, wor ech dankbar fir d’ Informatioun an ech hunn als Radiosmënsch geduecht: “ De Radio ass ower ëmmer nach e geniale Media, fir d’ Leit séier an efficace  ze informéieren”……

Gutt, ma et huet jo zu dem Ament net jidderee gelauschtert, ower,  mir liewe jo an där ominéiser Kommunikatiounsgesellschaft mat enger Abberzuel vu Méiglechkeeten: dem “bouche à l’oreille” , SMS, mail, Internet geschriwwe Press Telefon Tele an an an.

Ma wat notzt dat mech, wann d’ Krunnewaasser net an der Rei ass,  an dat och nach iwwer déi laange Brécke-week-end ewech…

Ech hunn alt weider fläisseg Radio gelauschtert mat der Hoffnung op Entwarnung.

Samschdes, an tëscht woren 3 Deeg vergaang, sinn ech mol op den Internetsite vun eiser Gemeng kucke gaang mat der Hoffnung eppes méi gewuer ze ginn… Quetschen och… ma, ech hat eng Rëtsch vun Telefonsnummeren zur Verfügung,…. ouni Resultat.

E Méindeg, an tëscht souzen d’ Bakterië scho 5 Deeg laang am Krunn, hunn ech de ganze Moie probéiert op der Gemeng duerchzekommen, ma deen eenzegen, dee geäntwert huet wor ee Repondeur, dee sot ech soll meng Nummer hannerloossen, si géingen zeréckruffe ma och dat goung net, well de Repondeur voll wor an duerfir einfach ofgebrach huet.

Mëttes dunn, hunn ech een op den Apparat kritt an du gouf ech informéiert….ech krut matgedeelt dat Moies nach eng Analyse an de Labo geschéckt gi wier an datt d’ Resultat fir Owes oder spéitstens Dënschdes Moies z’erwaarde wier. Ech hunn nach gefrot, firwat dat d’ Leit net wéinstens um Internetsite vun der Gemeng um Lafende gehal goufen a krut dorops d’ Äntwert: datt just Een eppes dorop kéint ännere goen an dee wier am Congé……

Dënschdes Moies, nämmlechte Szenario, d’ Analyse kënnt eréischt Muer, ech hu scho guer net méi no der Kommunikatioun gefrot.

Gëschter Moien hunn ech erëm ugeruff, et wor nach kee Resultat do ma aus purem Virwëtz sinn ech erëm op d’ Intennetz gang, an o mei, deen aus dem Congé ass erëm hei. Do stoung jo net eng Notiz dat recommandéiert géif ginn d’ Waasser bis op weideres net ze drénken, dat wor Moies. Ëm ½ 5 Gëscht’ Owend, wéi ech den Text hei geschriwwen hunn sinn ech nach eng Kéier kucke gaang : Entwarnung…. Ëm 5 Auer hu se et och um Radio gesot… Uff nach eng Kéier iwwerlieft!

Ah ech hunn nach eng Kommunikatiounsform vergiess, den “toutes boîtes”. En Dënschdeg den Owend hate mer en Ziedel vun der Gemeng an der Boîte vir eis z’ informéieren, datt Haut Donneschdeg de ganzen Dag um Waasser geschafft  gëtt an datt ee besser dru géing doen den Haaptkrunn am Haus zou ze maachen.

Klengen Hoke bäi der Saach, de Communiqué wor 2 sproocheg

Op Däitsch : Am Donnerstag, den 24 Mai muss wegen Reperaturarbeiten … asw.

An op franséisch: Il est porté à la connaissance des habitants, que lundi 24 Mai.. etc.

Jo wat dann elo a wéini……….an iwwerhaapt, wou läit d’ Gebrauchsanweisung ?