Selektionéieren

"Ech hu leider keng Foto fir dech", ëmmer wann d'Heidi Klum dee Saz seet, fléissen Tréinen. Bei deenen déi an der Modell-Casting-Show mussen hir Valise paken, awer och bei deenen, déi doduerch weiderkommen. Tréinen awer sécher och virun der Tëlee bei de ville meescht jonke, meescht weibleche Fans, déi hirer Mannequin-Kandidatin sou kräfteg d'Daume gedréckt hunn an iergendwéi hir eegen Dreem mat begruewe mussen.
Sou ass d'Gesetz vum Casting, déi haart Schoul vun de Jury-Decisiounen oder SMS-Ofstëmmungen. Sou ass et och bei der RTL-Show "The One", wou d'Finaliste fest stinn oder beim Eurovision Song Contest, wou jo Publikum a Jury sech kloer fir Schweden ausgeschwat hunn.
Mee net nëmmen Televisiounsshowen mussen den Ament selektionéieren. 16 Männer, jo et si just Männer, mussen den Ament och Decisiounen huelen, wien nach weiderkënnt a wie kann heemgoen. Dobäi hëlleft keng SMS-Ofstëmmung a kee Jury, neen déi Häre musse scho selwer decidéieren, vläicht huelen se sech alt hei oder do en Avis bei engem Fachmann.
D'Critère sinn net: wéi lafen se iwwer e Catwalk, mä wéi séier lafen se iwwer e grénge Wuess. Oder net: wéi gutt kommen se op der Foto eriwwer, mä wéi gutt kommen se iwwer riets oder lénks mam Ball Richtung Gol. An och d'Resultat ass liicht anescht: net dat oder dee Beschte gëtt gesicht, mä déi Bescht, déi dann och nach mussen zesumme beweisen, datt se déi Bescht aus Europa sinn. An de leschten Deeg hunn déi 16 Trainer vun deene Länner, déi bei der Fussball-Europameeschterschaft am Asaz sinn, mussen hire Kader bei der UEFA mellen a waarden datt se deen akzeptéiert kréien.
Dat si sécherlech och haart Momenter fir déi Spiller, déi mat an d'Trainingslager waren an da gesot kréien, si wieren awer net derbäi a si dierften elo heemgoen.
Sou am Sënn vun: „Ech hu leider keen Trikot fir dech!“
Op bei den haarde Profien dann och Tréine fléisse, weess keen. Et ass keng Kamera derbäi.