Vum Spueren

Et kléngt bal wéi eng Rechenaufgab aus der Zäit vun der Primärschoul: D'Kätty, de Jhemp an de Paul fueren als Famill an d'Vakanz – si fléie vum Findel op Lissabon – en Direktflug. Jiddereen däerf 20 Kilogramm Gepäck mathuelen. Wéi vill däerfen si zesumme mathuelen?
Wien elo 60 Kilo erausfënnt – deen huet Recht, awer nëmmen am ale Programm, do wou den Adam Riese nach eppes ze soen hat. An eiser Zäit gëllt et net nëmmen, richteg rechnen ze kënnen, neen, et muss en nach deenen transversalen, also deenen iwwergräifende Schlësselkompetenze gerecht ginn. An eisem Beispill dem Spueren – well Spueren ass ugesot. A wa een net weess, wéi ee spuere kann, am Sënn vu manner ausginn, da bleift nëmmen nach een Auswee: Et däerf en net un neien Iddie spueren, wou een dann nach méi Liquiditéite kann eranhuelen, also wou een de Konsument - also mir alleguer – nach ka strëppen. Sou gëtt aus der Lösungsaufgab vu fréier e modernen fachiwwergräifende Problem.
D'Kätty, de Jhemp an de Paul mussen nämlech selwer erausfannen, datt si éischtens nëmmen 20 Kilo an zweetens och nëmmen ee Gepäckstéck op de Kapp ze gutt hunn. Firwat mussen se dat virdrun erausfannen? Einfach, nodeems déi 1. Valise mat 18 Kilo an déi zweet mat 15 Kilo schonn agecheckt sinn, gëtt bei der 3., déi 25 Kilo weit, frëndlech drop higewisen, datt déi 5 kg Iwwergewiicht extra bezuelt musse ginn. De Versuch, mat enger Rechnung no Adam Riese drop hinzeweisen, datt nach 2 Kilo Sputt wieren klappt: awer nëmmen theoretesch: Gewiicht kinnt en ëmverdeelen, virausgesat, et hätt een eng Wo an der Täsch an déi zwou éischt Wallisse wieren net schonns laang via Transportbändchen no hanne verschwonnen.
Neit Resultat: Et ginn 5 Kilo Iwwergewiicht bezuelt: Präis 40 Euro. A wien elo op d'Iddi kënnt, an Zukunft beim eegene Gewiicht ze spueren, fir dat weider ze verkafen, wéi an dësem Fall theoretesch 2 kg, deen dreemt vum Fairtrade-Fléien.
Well e gudden Iesel sech nëmmen eemol stéisst, gëllt fir eis Famill eng nei Strategie: Fir zréck ginn d'Wallissen anescht gepaakt.
Resultat: Zu Lissabon ginn déi 3 Gepäckstécker einfach zesummen op d'Band gestallt a well se vu fir era manner wei 60 kg gewien hunn, falen hei keng weider Taxen un.
An dësem interessante Fall vun europäescher Harmoniséierung Froen sech d'Kätty, de Jhemp an de Paul, ob et net kinnt domatter zesummen hänken, datt een um Findel nach an enger Triple-A-Economie ass, woubäi en zu Lissabon schonns um Ramsch-Niveau ukomm ass, an engem Plakegen hëlt ee bekanntlech näischt méi aus der Täsch.
Souvill zur Geschicht, firwat Rechnen net duer geet an OECD-Kompetenze bluttnéideg sinn – grad beim Spueren: oder wéi sot den Thierry: an "elo séier d'Keess op an d'Klacken eraus!"