D'Queen

Si huet mech jo scho beréiert, wéi ech hir e Sonndeg op hirer Schëffsparad nogekuckt hunn. D'Queen! 60 Joer um engleschen Troun an nach ëmmer souverän. Sou wéi hire Stand et jo och verlaangt, als Souverain vun engem Staat.An hirem wäisse Kleed war se fir de 60. Gebuertsdag vun hirem Règne ze feieren och „rayonnante“. Iergendwéi passen all Adjektiver bei se. Mä brauch se déi iwwerhaapt?
Déi 86 Joer al Bomi an Urgroussbomi ass nach esou aktiv an trotz vill Gedeessems ronderëm Monarchie a Famill an hirem Land beweist se, datt een awer kann de gutt behitte Kapp héichhalen an net bei all klengem Donnerwieder muss d'Contenance verléieren, wat jo och am fiichten England schwéier wier. Mee éierlech, wien hat scho geduecht, deemools 1997 beim Begriefnes vun hirer Ex-Schnauer Diana - wou se sech laang fléiwe gelooss hat, ier se en offiziellt Wuert vun Trauer gesot hat - datt se 15 Joer méi spéit, quasi um Héichpunkt vun hirer Popularitéit géing stoen.
Wéi laang se nach dat Land féiert, an deem se souvill Premiere gesinn huet kommen a goen, gëtt sech dacks gefrot. An nach méi intressant ass d'Fro vun hirem Successeur. Wie gëtt et? Hire Fils Charles? Deen ass entretemps och schonn am Pensiounsalter an dobäi an zweetem Mariage mat enger gescheeter Fra bestuet. Vrun 70 Joer war dat nach onméiglech!
Oder dach den Enkel – de Prince William! Deen ass wuel nach jonk, awer emol ënnert der Hauf (an anscheinend glécklech) an dréit och nach d'Sympathie-Punkte vu senger Mamm Diana bei sech.
Jo, wie gëtt et wuel? Eigentlech eng iwwerflësseg Fro. Well et huet een d'Impressioun, d'Queen wier nach fit, fir laang um Troun ze bleiwen. Do huet se och en etlech Virbiller. Hir Mamm war schonn 101 Joer al ginn an déi lescht souverän Kinnigin um Troun vrun der Elizabeth, d'Queen Victoria hat et 64 Joer laang gepackt.
Vläicht wëll se dee Rekord jo nach briechen!
Nee, d'Kinnigin Elizabeth II brauch am Fong keng grouss Adjektiver a keng laang Nimm an Titelen.
D'Queen: dat eent Wuert geet duer an d'ganz Welt weess, wie gemengt ass.