De Gibbes Bertolo mat e puer Gedanken iwwert deen neie Vollekssport, dee wuel awer schonn esou al ass ewéi d’Mënschheet

Wéini hutt Dir da fir d’lescht gewett? Sot elo net, Dir hätt et nach ni gemaach. Wetten ass jo net verbueden. Wette manipuléiere schonn. Sou einfach ass et.

Iwwerall, wou Suen am Spill sinn a wou ee mat einfache Mëttelen dee grousse Coup ka landen, besteet de Risk vun der Manipulatioun. An déi huet jo net eréischt zanter gëschter dem Sport hire Stempel opgedréckt. Och wann Italien den Ament am Fokus steet: Wettskandaler ginn et iwwerall an ëmmer nees, et ass jo nëmmen déi ominéis Spëtz vum Äisbierg, déi aus ëm faule Mier luusst.

Am Internet boomt d’Geschäft mat der Sportswett. Football, Handball, Basket, Formel 1 – et kann een op quasi alles setzen, gewannen oder verléieren, frot mol de Gottschalk. Dat ass nun mol de Prinzip vun der Saach. Ech weess jo net, wéi et bei Iech ass: mä ech wetten (wann iwwerhaapt) ëmmer nëmmen dann, wann ech menger Saach ganz sécher sinn. Wann ech weess, datt déi Saach rit aus geet. Risk an Reiz sinn zwar dann net méi sou grouss, ewéi wann een zu Hong Kong d’Resultat vun engem Futtballsmatch aus der 3. franséischer Divisioun tippt. Dat huet fir mäi Gefill och net méi vill mat wetten ze dinn mä éischter mat Roulette. Net onbedéngt russeschem, an awer ...

Vu mir aus soll all Mënsch esou vill wetten, wéi e wëll an op wat e wëll. A sech der Tatsaach bewosst sinn, datt de Schoss och mol no hanne ka lass goen. An dann hoffen, datt den Asaz net ze héich war. Eng Kéier ëm d’Wett lafen ass manner liewensgeféierlech, ewéi säin Haus verwetten.

Wien huet dann elo Loscht matzemaachen ? Einfach esou, ouni e Cent oder soss eppes ze riskéieren, „just for fun“. Polen gëtt Europameeschter ... Neen? Solle mer dann op ee waarmen an dréchene Summer wetten ? Oder datt deen nächste Poopst e Lëtzebuerger an den Asselborn 2014 Premier gëtt ? Datt den Andy den Tour gewënnt ? Eng Wett, datt den Charles ni d’Kinnekskroun wäert opsetzen ? Apropos: d’Britte wette jo fir hiert Liewe gär. Op bal alles. Am léifsten awer bei Päerdscoursen.

An deem Kontext fält mer e Sproch vum ireschen Auteur Oscar Wilde an – Zitat: „Dem Päerd säi Verstand ass et, deen d’Päerd dovunner ofhält, op dat weidert Verhale vum Mënsch ze wetten.“

Ären Asaz wann ech gelift ...

RTL