Wien, wéini, wat, wou a firwat...?

Eent ass mer entretemps kloer: Fussball ass net déi schéinsten Niewesaach vun der Welt, mä déi komplizéierst. A si ass doudeescht! Wat hunn dach do sech scho Leit de Mond verbrannt mat Aussoen iwwer dësen oder dee Spiller? „Ech hunn e scho méi awer nach ni manner gesi lafe wéi haut“ sot en däitsche Fussballexpert an Ex-Profi iwwer de Mëttelstiermer aus sengem Veräin virun engem Milliounepublikum vrun der Telé. Do fléien elo d'Fatzen an der däitscher Pressewelt. Mä op d'mannst kann een do kloer novollzéie wie, wat iwwer wien a wou gesot huet.
Wien, wéini, wat, wou a firwat, dat sinn d'Basisfroen op déi all Journalist jo säi Reportage opbaut.
Wa mer d'Situatioun op Lëtzebuerg adaptéieren, kritt dat scho ganz aner Dimensiounen, vläicht manner op sportlechem Plang, mä dofir awer op politeschem. Wa mir iwwer Fussball schwätzen, da vrun allem an de leschte Méint a Joeren iwwer en neie Futtballstadion.
Kréie mer een, kréie mer keen? Renovéiere mer een, baue mer een? Wa mer ee baue, wour kënnt en dann? A wann e kann dohinner kommen, wie baut en dann a wie bezuelt en? A wa mer en net bezuelt kréien, musse mer dann net eppes anescht si loosse fir d'Geld ze hunn? A wéi soe mer deem, deen do scho wollt bauen, datt en elo net duerf? A vrun allem wie seet ëm dat? A wat kritt en dofir? A wien huet um Enn wat wiem gesot? A wat net?
Gesitt der, do si mer bei de berühmten W-Wierder, op déi mer keng Äntwert kréien oder vläicht ze vill verschiddener! E Mëttwoch soll elo Kloerheet kommen an der Chamber, da gi mer gewuer datt de Ball ronn ass!
Bestëmmt!
Mä am Fong wënscht ee sech als Normal-Stierfleche Bierger dach heiansdo méi kloer an einfach Äntwerten. Sou am Sënn vun: Ech sinn The One!